arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Israel bonds": Ball läit elo beim Ausseministère, esou d'CSSF an d'Deputéierter

Finanzen

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

"Israel bonds": Ball läit elo beim Ausseministère, esou d'CSSF an d'Deputéierter

An der Fro, op déi sougenannten "Israel bonds" weiderhin iwwer Lëtzebuerg op den europäesche Marché bruecht solle ginn, géif de Ball elo beim Ausseminister leien. Doriwwer war sech d’Oppositioun no der Sëtzung vun der Chamberkommissioun Finanzen um Dënschdegmoien eens.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Direkter vun der CSSF, de Claude Marx, hätt hinnen erkläert, d’Bankenopsiicht kéint eréischt no enger Decisioun fir Sanktioune géint Israel auszeschwätzen, decidéieren, déi sougenannten "Israel bonds" net méi iwwer Lëtzebuerg op den europäesche Marché ze bréngen. 

Sam Tanson: CSSF-Erklärungen "en neie Moment"

D’Erklärunge vum CSSF-Direkter Claude Marx wiere fir déi gréng souguer en neie Moment, esou d’Deputéiert Sam Tanson no der Sëtzung.

"Mir kruten d'Confirmatioun, dass net am Virfeld mat der Regierung geschwat ginn ass, mee dass et awer fir d'CSSF un der Regierung ass, fir do eng kloer Positioun ze huelen a si sech natierlech och deem géife fügen. Spréch, wann d'Regierung géif national Sanktiounen huelen, sief et och nëmmen determinéieren, dass Israel hei dat internationaalt Recht brécht, da kéinte si eng aner Decisioun huelen."

Datt de Ball elo beim Ausseminister géif léien, där Meenung ass och den ADR-Deputéierten Tom Weidig: Grad ewéi de Piraten-Deputéierte Sven Clement gesäit och hie keng Responsabilitéit bei der Bankenopsiicht, mee bei der Regierung. Déi misst eng Positioun zu Israel anhuelen, wa gewollt wier, datt d’CSSF sech a Saachen "Israel bonds" aneschters entscheet.

De Marc Baum verweist op dat internationaalt Recht

Och d’DP- an d’CSV-Deputéiert verweisen no der Sëtzung drop, datt d’CSSF sech misst u verschidde Krittären halen, a wann ebe keng Sanktioune virleie géifen, dann hätte si keng aner "Handhab", esou den DP-Deputéierten André Bauler.

De lénken Deputéierte Marc Baum gesäit awer och eng Responsabilitéit bei der CSSF a verweist op d’internationaalt Recht.

"D'Cour international de justice huet gesot, et ass e Risk de génocide do, mir hunn eng Charte de prévention du génocide, déi d'Länner, all Land wéi Lëtzebuerg dorunner bënnt, datt se all Aktioun mussen huelen oder ënnerloossen, fir datt et net esou eng probabele Genozid iwwerhaapt kënnt."

Franz Fayot: Israel bonds kënen zu "Problemer" féieren

Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot fënnt, datt d’Bankenopsiicht hier Decisioun "net an engem loftleere Raum" kann huelen, a verweist souguer drop, datt d’Decisioune vun der CSSF Konsequenze fir de Lëtzebuerger Staat kéint hunn.

"Wann de Lëtzebuerger Staat iergendwann eng Kéier eng Responsabilitéit kritt, well en zum Beispill Israel bonds facilitéiert huet, déi benotzt gi sinn, fir en illegale Krich an eng illegal Koloniséierung ze finanzéieren, dann hu mir e Problem."

D’CSV-Kommissiounspresidentin Diane Adehm sot no der Sëtzung, et géif een elo een Datum sichen, fir den Ausseminister Xavier Bettel an d’Chamberkommissioun Finanzen ze ruffen.

Och de Finanzminister Gilles Roth war present. No der Sëtzung sot hien, d’selwecht wéi d’Deputéiert vun de Regierungsparteien, d’CSSF hätt keen anere Choix gehat. Weider dierft hie sech opgrond vun der Onofhängegkeet vun der CSSF net äusseren.

Reaktioun vum Ausseministère

Den Ausseministère huet dann och op d‘Schreiwes vun der Bankenopsiicht CSSF zu israeelesche Staatsemprunte reagéiert: De Sujet soll am nächste Regierungsrot op den Ordre du jour kommen, esou de Xavier Bettel an engem Communiqué.

play_arrow Lauschteren