Radioen

On air

Notturno  |  Jennifer Loveless - Muzik

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Caritas-Affär: "Vläicht hätt schonn éischter missen d'Brems gezu ginn?"

Spezialkommissioun an der Chamber

Caritas-Affär: "Vläicht hätt schonn éischter missen d'Brems gezu ginn?"

D'Caritas-Spezialkommissioun huet gëschter um Mëttwoch vum fréiere Caritas-Direkter Marc Crochet héieren, datt et scho virum Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro Schwieregkeete mat der Gouvernance a mam Finanzdepartement vun der Hëllefsorganisatioun gouf. Wéi eng Conclusiounen hunn déi Deputéiert doraus gezunn?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Chambre des députés play_arrow
(Foto: Chambre des députés)

War d'Caritas net gutt genuch opgestallt fir de Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro éischter festzestellen? Dat ass eng vun de Froen, där d'Deputéiert aus der Spezialkommissioun gëschter um Mëttwoch nogaange sinn. Si hunn de Marc Crochet héieren, dee virun a wärend der Fraude Generaldirekter vun der Hëllefsorganisatioun war.

Taina Bofferding: Der Finanzdirektesch ass vertraut ginn

De Marc Crochet ass net vun der Justiz inculpéiert, anescht wéi déi fréier Finanzdirektesch, déi déi frauduléis Virementen a Spuenie gemaach huet. Si seet jo, si wier vu Kriminellen erageluecht ginn, déi sech als hiren Direkter ausginn hätten. Zur Finanzdirektesch sot d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding gëschter no der Entrevue mam Marc Crochet, datt een elo nach een anert Bild vun der Situatioun kritt hätt. 

"Och hei goufen et schonn an der Vergaangenheet d'Schwieregkeeten, notamment gouf och hire Leadership, hir Gouvernance, gouf a Fro gestallt. Notamment den Här Crochet huet d'Fro gestallt, ob ee si nach sollt weider beschäftegen, ob ee sech eventuell vun hir misst trennen. An dunn ass awer d'Optioun zeréckbehale ginn, dass ee mat Coaching probéiert. Duerno ass jo och den Audit gemaach ginn." 

Dat géing alles dorop hindeiten, datt et well Schwieregkeete gouf, esou d'Taina Bofferding. Mee si ënnersträicht och, datt dat kloer um Niveau vun der Gouvernance gewiescht wier. 

"Et wär elo net, dass een net där Persoun vertraut hätt. Do war een awer elo erschreckt, wéi dat do komm ass."

Charel Weiler: Marc Crochet huet op Problemer opmierksam gemaach

Den CSV-Deputéierte Charel Weiler, President vun der Spezialkommissioun, huet och zeréckbehalen, datt de Marc Crochet op Problemer an der Vergaangenheet opmierksam gemaach hätt.

"Dat ass, datt dee Finanzaudit am Dezember 2023 ulafe gelooss ginn ass, datt d'Conclusiounen am Februar, Mäerz do waren, wou notamment am Secteur financier d'Problemer opgetaucht sinn an detektéiert gi sinn, wou Recommandatioune gemaach gi sinn, fir et ze verbesseren."

De Marc Crochet hätt och selwer gesot, datt d'Relatioun mat der Finanzdirektesch net déi allerbeschte gewiescht wier, an datt een och d'Kompetenz vun der Finanzdirektesch deelweis a Fro gestallt hätt.

"Mee Fakt ass awer och, datt een net gehandelt huet, fir gegeebenenfalls e Changement bei der Finanzdirektioun innerhalb vun der Caritas ze maachen."

Carole Hartmann: Keen ass dem Problem op de Fong gaangen

An dat ass fir d'DP-Deputéiert Carole Hartmann eng wichteg Conclusioun: Scho virun der Finanzfraude wieren et bei der ONG Unzeeche fir Problemer ginn, mee déi wieren net geléist ginn. De Marc Crochet hätt kloer gemaach, datt hie probéiert hätt, verschidde Saachen en place ze setzen an datt hien och d'Problemer um Niveau vun der Personalgestioun matgedeelt hätt. Et wier awer ni zu Konsequenze komm.

D'Conclusioun vun der Carole Hartmann ass dofir, datt et Barriäre par rapport zu de Gouvernancekontrolle misst ginn, déi esou Situatioune verhënnere kéinten.

"Jiddereen huet iergendwou gesot, e Problem gëtt et, mee et ass keen, deen dem Problem op de Fong gaangen ass an och iergendwou eng Léisung fonnt huet. Ech wëll mol net soen, dass keen eng Léisung gesicht huet, mee op alle Fall an dësem Fall ass et zu deem Clash komm, zu där Fraude komm."

D'Chamber-Spezialkommissioun wëllt hire Bericht iwwer d'Caritas-Affär virum Summer publizéieren. De President Charel Weiler sot gëschter, hie wéilt dat esou neutral wéi méiglech maachen. D'Deputéiert hunn nach d'Spuerkeess, d'BGL an de Reviseur Grant Thornton fir eng Reunioun invitéiert, bis elo awer nach ouni Äntwert. 

Lauschterenplay_arrow