Déi éischt Motioun vum Sven Clement hat d'Publicatioun - bannent 24 Stonnen - vum Rapport zum Schoulprojet ALPHA gefuerdert.
An den Ae vum Deputéierte vun de Pirate missten d'Eltere vun de Kanner aus dem zweete Joer Spillschoul nämlech elo decidéieren, ob hiert Kand op Franséisch oder Däitsch alphabetiséiert gëtt.
Aus engem Artikel vu reporter.lu géif och ervirgoen, datt de Rapport iwwer d'Resultater vum Pilotprojet zënter Februar fäerdeg wier, awer vum Educatiounsministère géif ënner Embargo gehale ginn.
Woubäi de Sven Clement zouginn huet, hie wéisst elo, datt de Rapport e Méindeg géif publizéiert ginn. Donieft misst déi éischt landeswäit Wiel eréischt am zweeten Trimester 2027 getraff ginn - wat d'Saach awer net géif besser maache fir d'Regierung.
"Si mécht se u sech méi schlëmm. Well wat hunn déi selwecht Leit vum Terrain mir och gesot? An de véier Pilotschoulen hunn d'Elteren hir Wiel fir d'Rentrée 2026 scho getraff, an zwar am zweeten Trimester vun dësem Schouljoer. Zu engem Zäitpunkt, wou de Rapport vum LUCET virloung."
D'Motioun iwwer de Rapport, deen en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert gëtt, gouf mat 51 Neen-Stëmme verworf.
Motioun vun déi Lénk fënnt grouss Zoustëmmung
Wéi "lettre à la poste" goung dogéint d'Motioun vum Marc Baum duerch iwwer Aarbechtsplazen, déi der Éiwegkeetschemikalie PFAS ausgesat sinn.
Déi gesäit ënner anerem vir, datt eng Kartographie realiséiert gëtt fir ze kucken, wéi eng Berufsgruppe PFAS besonnesch ausgesat sinn. Iwwerdeems solle Salariéen iwwer de PFAS sensibiliséiert ginn an ënner d'Äerm gegraff kréien, wa si gesondheetlech Problemer duerch Eiwegkeetschemikalie kréien.
Fir de Vertrieder vun déi Lénk gouf déi Motioun scho virun zwee Méint deposéiert an d'lescht Woch an enger Commission jointe vum Parlament diskutéiert:
"D'Regierung huet och reagéiert dorop. Ech hu keng negativ Stëmm héiere par rapport zu deem, wat an där Motioun steet. An ech mengen, dass mir eis eens waren, dass et eppes ass, wou Parlament a Regierung zesummen an enger hoffentlech ganz grousser Unanimitéit dat dote sollten ugoen."
De Vott war um Enn esouguer unanime.