Nach ni haten d’Lëtzebuerger Betriber esou wéineg Confiance an d'Zukunft vun der Wirtschaft, wéi am éischten Trimester dëst Joer, geet aus dem Konjunkturbarometer ervir, deen haut presentéiert ginn ass.
Am Echantillon vun der Etüd waren iwwer 2.000 Betriber, effektiv deelgeholl hunn der ronn 600.
Schlecht Situatioun an Däitschland och hei ze spieren
D’Vertraue vun de Betriber wier der Ëmfro no nach méi déif wéi an de Covid-Joren, seet den Direkter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen.
Fir d'Baisse vun den Aktivitéite ginn am Konjunkturbarometer virop déi héich Energiekäschte genannt.
"Mer sinn an enger geopolitescher Kris, wou wéineg Previsibilitéit ass. Eis Nopeschlänner leiden. Mir hunn och gesinn, datt d'Indicateuren an Däitschland ganz schlecht sinn. Däitschland ass den Haapthandelspartner vu Lëtzebuerg."
Dofir géifen och d'Betriber zu Lëtzebuerg dat ze spiere kréien, esou de Carlo Thelen.
"Notamment an der Industrie, awer och am Horeca-Beräich, an der Konstruktioun. Ech mengen dat sinn och déi Secteuren, déi staark leien. Och deelweis am Transportberäich. Wat och keng Surprise ass."
Méi wéi just konjunkturell Problemer
D’Betriber hätten och mat strukturelle Problemer ze kämpfen, wéi d‘Ëmfro vun der Chambre de Commerce weist. Beispillsweis wat de Rekrutement vu qualifizéiertem Personal oder och d'Kompetitivitéit par Rapport zum Ausland ugeet.
"Dofir muss ee jo elo vläicht verschidde Moossnamen huelen, fir méi schnell ze agéieren, sief et an der Simplification administrative, sief et beim Absenteismus, wou mer nach keng richteg Léisung fonnt hunn. Mer wëssen och, datt eis Produktivitéits-Zouwuess net duerginn, fir eise Lëtzebuerger Modell ze erhalen."
Doduerch, datt d'Kafkraaft hei am Land ënner anerem duerch d’Indexéierung vun de Salairen an divers Finanzhëllefen och a Krisenzäite relativ stabel wier, géif een de Besoin fir esou strukturell Reforme villäicht net onbedéngt spieren, gëtt de Carlo Thelen nach ze bedenken.
Et kéint een net méi weiderhi mat der Strenz driwwer fueren, mee et bräicht cibléiert Mesurë fir déi et wierklech am néidegste brauchen, esou de Chambre de Commerce-Direkter.