Op der dëser 27. Editioun ware 650 Leit invitéiert. Géint Mëtteg waren awer just eng gutt 100 Leit op de Lampertsbierg komm, fir mat guddem Iessen a Kaddoen hiren dacks schwieregen Alldag fir e puer Stonnen ze vergiessen.
Kürbiszopp, Poulet farci a Gromperen aus dem Schäffchen
Et war ee kalen, mee awer sonnege Moien um Lampertsbierg an der Stad. Um Punkt 12:00 Auer hunn d‘Klacke vun der Saint-Joseph-Kierch Mëtteg agelaut. Dee selwechte Moment huet vis-a-vis an der Hal Victor Hugo d’Stëmm vun der Strooss hir Dieren opgemaach.
"Ech fannen dat immens, datt Leit dat organiséieren, fir déi Leit, déi net esou vill Suen hunn. Dat ass eng gutt Saach an ech hoffen, et gëtt nach e bësse méi esou gemaach."
An der Entrée war de rouden Teppech ausgerullt. E klengen Ensembel huet Musek gespillt.
E laange Gank huet an e grousse Sall geféiert, an deem ee gutt 5 Meter héije Chrëschtbeemche mat Kaddoen ënnen drënner stoung.
Gedeckt war fir eng 500 Leit, mee eng ganz Rëtsch Dëscher sinn deen Dag eidel beliewen. Um Menü stoung Kürbiszopp, Poulet farci a Gromperen aus dem Schäffchen.
Net just Chômeuren oder Leit ouni feste Wunnsëtz
Esou Deeg wéi haut wiere wichteg, fënnt ee 64 Joer ale Lëtzebuerger, deen och schonn zënter Joren op d’Chrëschtfeier kënnt. D’Liewen hei am Land géif ëmmer méi deier ginn an et wier schwéier fir nach iwwer d’Ronnen ze kommen.
"D'Aarmut ass grouss. D'Zëmmer sinn ze deier, d'Loyere sinn ze deier. Wéinstens kritt een hei e bëssen Ënnerstëtzung, wann een hei kann iessen. Dat ass scho wichteg."
Een anere Mann war mat senger Fra do. Si liewen iwwer der Grenz, well si sech d’Liewen zu Lëtzebuerg net méi konnte leeschten.
"A mir wunnen an Däitschland, an ech hunn eng Invaliderent. Ech sinn elo 70 Joer al, a wa mir net géifen do wunnen, da wiere mir hei och op der Strooss."
Bei wäitem net all Mënsch op der Chrëschtfeier lieft op der Strooss oder ass am Chômage. Och mat engem festen Akommes oder Pensioun gëtt et ëmmer méi schwéier hei am Land um Enn vum Mount déi zwee Enner zesummenzekréien.
Ënner Leit sinn
Nieft dem Iessen hunn d’Mataarbechter:inne vun der Stëmm vun der Strooss zesumme mat 80 Benevollen aus verschidden Entreprisë Kaddoe fir dësen Dag preparéiert.
"Voilà, j'ai pris un bonnet, et des gants, et un t-shirt, qui tient chaud, et c'est plaisir, moi je suis content."
De Mann, dee virun e puer Méint aus Frankräich op Lëtzebuerg koum, seet, hie géif sech wuelfillen ënner de Gäscht. Hien hätt et vermësst ënner Leit ze kommen an zesummen ze feieren.
Visitt vum Grand-Duc
E Mann aus Syrien huet sech besonnesch op den héije Besuch gefreet.
"I think that Grand-Duc William will come and his family. I think they will come with him. His two sons and his wife, right?"
Hien ass anescht wéi vill vu senge Landsleit eréischt virun e puer Méint aus Syrien op Lëtzebuerg komm. Ob hien a seng Famill zu Lëtzebuerg bleiwe kënnen, ass ongewëss.
Ganz houfreg huet hie mat sengem Meedchen dann eng Foto mam Grand-Duc Guillaume gemaach, dee mat senger Fra Stéphanie, mee ouni d’Kanner, kuerz drop agetraff ass.
Nieft der groussherzoglecher Famille waren och den Ausseminister Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Martine Deprez do.
Bis 18 Auer huet d’Chrëschtfeier nach gedauert.