Vu Maisons Relaisen, Altersheemer an bis zu Ateliere fir Mënsche mat enger Beanträchtegung. De Rechnungshaff huet seng Analys haut an der Budgetskontrollkommissioun presentéiert an anengems eng Partie Recommandatioune virgestallt, dorënner méi eenheetlech Prozeduren.
Am Fokus steet d’Ëmsetzung vum ASFT-Gesetz, dat d’Relatioun tëschent dem Staat an ASBLen am soziale, familiären an therapeutesche Beräich reegelt. De Rapport gouf 2020 an Optrag ginn a weist ënnert anerem, wéi d’Ministèrë vun der Educatioun, der Famill, der Santé an der Gläichstellung hir Finanzhëllefe fir déi concernéiert Strukture kontrolléieren.
Grouss Ënnerscheeder bei de Prozeduren
Den Zuele vum Rechnungshaff no louch de finanzielle Volume am Joer 2020 an dësem Secteur bei ronn 667 Milliounen Euro, wat enger Hausse vu 50 Prozent par Rapport zu 2016 entsprécht.
D’Cour des comptes kritiséiert virun allem gréisser Ënnerscheeder tëschent de Ministèrë bei de Prozeduren, feelend oder onvollstänneg Dossieren an net systematesch Kontrollen. Heefeg géifen och Agrementen – also staatlech Zouloossungen – temporär oder ënner Konditioune verginn, obwuel dat am Gesetz net kloer virgesinn ass, esou de Vizepresident Patrick Graffé.
Egalitéits- a Familljeministère als Suergekanner
"D'Aktivitéit ass gemaach ginn, mee et war keen Agrément do. An do hu mer zwee Problemfäll, dat ass engersäits an der Famill, dat ass d'Division de la solidarité an de MEGA. Dat waren am Fong eis Problemkanner, wann der wëllt."
Weider kritiséiert d’Cour eng schwaach Koordinatioun tëschent de 4 concernéierte Ministèren. Dëst géif dozou féieren, datt Informatiounen net gedeelt ginn an de Risiko vun Duebelfinanzéierunge bestéing.
Schläichend Digitaliséierung
En anere grousse Problem ass de Manktem un Digitaliséierung. D’Gestioun vun den Dossieren an Agrementer leeft gréisstendeels nach net elektronesch, wat d’Kontroll an d’Zesummenaarbecht erschwéiere géif, esou nach de Patrick Graffé.
"D'Digitalisatioun vum Processus de gestion des agrèments soll gemaach ginn an dat Ganzt soll an enger Demarche vun der Simplification administrative gemaach ginn, eng Plattform commune fir all Ministèren, dass och jiddweree weess, wéi wat wou bezilt."
De Rechnungshaff recommandéiert dofir eng Reform vum gesetzleche Kader an harmoniséiert Kontrollprozeduren – Piste mat deenen d’Chamber an d’Regierung sech elo mussen ausernee setzen.