arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cristiano Ronaldo hält an der portugisescher Nationalekipp op

Härefussball

|
reading time

1 min

Cristiano Ronaldo hält an der portugisescher Nationalekipp op

De Cristiano Ronaldo hält endgülteg an der portugisescher Nationalekipp op. Dat huet hien iwwer Social Media matgedeelt. Bei der leschter Lännermatchpaus war et ëm den 41 Joer ale Stiermer zum Eklat komm.

reading time

1 min

© picture alliance / Fußball-News Saarland | Sebastian Bach
(Foto: picture alliance / Fußball-News Saarland | Sebastian Bach)

Hien hat no engem Sträit mam Nationaltrainer Jorge Jesus nämlech d'Lager vun der portugisescher Nationalekipp verlooss. Doropshi waren nees Kriticken haart ginn, ob de Starstiermer a sengem Alter nach sportlech géif vill bréngen.

2016 huet hie mat Portugal d'Europameeschterschaft gewonne gehat. Insgesamt huet hien de portugiseschen Nationaltrikot 20 Joer laang gedroen a war e Groussdeel dovun och Kapitän vun der Selecao.