Radioen

On air

Notturno  |  Super Sounds Namba - Who's Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Crowdfunding-Campagne fir d‘Erhale vun enger Bibel aus dem 11. Joerhonnert

Nationalbibliothéik

Crowdfunding-Campagne fir d‘Erhale vun enger Bibel aus dem 11. Joerhonnert

D‘Nationalbibliothéik lancéiert eng Crowdfunding-Campagne fir d‘Erhale vun engem mëttelalterleche Manuskript. D‘Bibel aus dem 11. Joerhonnert gouf um Méindegmoie virun der Press a Presenz vum Kulturminister Eric Thill an der BNL um Kierchbierg presentéiert.

auto_stories

1 min

© BNL
Foto: BNL

D‘Acquisitioun vun deem Manuskript wier eng Beräicherung fir de kulturellen an historesche Patrimoine vum Grand-Duché, schreift d‘Nationalbibliothéik an hirem Communiqué. De Wäert vun deem raren Objet gëtt op 4 bis 7,5 Milliounen Euro geschat.

D‘Bibel weit ongeféiert 25 Kilo, ass 80 Zentimeter laang a 55 Zentimeter héich.

Visiteure kënne d‘Bibel vum 7. Dezember un an nach bis 8. Mäerz nächst Joer an d‘BNL kucke goen. Den Appel à dons geet och nach bis den 8. Mäerz. Detailer dozou ginn et op patrimoine.bnl.lu