Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Slaps - Fool

play_arrow Live
search

/ D'Hëllefsstruktur Abrigado krut 21 Joer

Hëllef fir Drogenofhängeger

D'Hëllefsstruktur Abrigado krut 21 Joer

Den Abrigado huet de leschte Samschdeg säin 21. Anniversaire gefeiert a konnt sech bannent deene Jore vun enger Fixerstuff zu Bouneweg an eng komplex Hëllefsstruktur entwéckelen. Enn dës Joers soll eng Dagesstruktur fir Frae bäikommen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Den Abrigado huet zu Bouneweg nieft enger medezinescher Betreiung bei akuten Iwwerdosissen an der Fixerstuff, oder bei enger Drogesubstitutiounstherapie, och eng Zesummenaarbecht mam CHL bei der Bekämpfung vun Infektiounskrankheeten. D'Nuetseil, ee Foyer fir ze iwwernuechten huet och Efforte gemaach am Sënn vun Housing First, der Sich no festem Wunnraum. Am Dezember soll eng nei Struktur speziell fir Fraen an der Stad am Neiduerf opgoen, d'Haus gouf renovéiert a gëtt elo miwweléiert.

Frae brauchen esou eng Struktur, déi si den Dag iwwer kann empfänken, preziséiert d'Claudia Allar, Chargée de Direction bei Abrigado. Vill Frae géifen net an d'Noutschlofplaz kommen, well si dacks nuets géife schaffen, a wa si fäerdeg sinn, wieren all d'Plaze beluecht.

"Sie sind müde, schlafen ein und haben keinen Schutz, werden beklaut und villeicht gewaltätig behandelt, und deshalb ist es ganz wichtig den Frauen einen Schutz erstmals wärend dem Tag zu geben."

Konzepter fir Fraen an eeler Leit

An deem Haus gëtt et och ee kompletten Encadrement fir deene Frae psychologesch a medezinesch ze hëllefen. Et géif och Beschäftegungsméiglechkeete bannent der Struktur ginn an och medezinesch Hëllefen oder och Substitutiounsoffere, fir datt Frae kënne spezifesch Hëllef kréien an iwwer hir Traumatiséierung schwätze kënnen.

Gebraucht gëtt awer och een neit Konzept fir déi eeler Leit, déi d’Struktur Abrigado besichen, dat ass ee Wonsch vun der Claudia Allar. 

"Dass wir auch ältere Konsumenten würdevoll alternd begleiten können. Gebraucht werden Wohnformen für konsumierende Mënschen, Altersheime. Weil auch da ist die Angst sehr hoch, aber das wird auch in der Praxis weniger kompliziert werden."

Einfach zougänglech Beschäftegungsméiglechkeet TABA

An der Schwäiz an an Däitschland géif et zum Beispill Altersheemer ginn, an deenen de Konsum vun Drogen erlaabt ass. Lëtzebuerg kéint sech hei inspiréieren.

Geplangt ass iwwerdeems och eng Beschäftegungsméiglechkeet zu Esch, den TABA 2, deen nom Modell vu Walfer soll eng einfach zougänglech Beschäftegungsméiglechkeet fir eeler Drogenofhängeger ubidden. Zu Walfer gi Second Hand Spiller an d'Rei gesat fir se de sozial schwaache Famillen ze verschenken.

Lauschterenplay_arrow