Radioen

On air

Notturno  |  Feist - Borrow Trouble

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘ALVA warnt virun der Maul- a Klauenseuche

Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung

D‘ALVA warnt virun der Maul- a Klauenseuche

D'Maul- a Klauenseuche ass erëm an Europa opgetrueden. Nodeems am Januar e Fall an Däitschland confirméiert gi war, sinn elo och méi Fäll vun der héich ustiechender Viruskrankheet aus Ungarn an der Slowakei gemellt ginn.

auto_stories

1 min

Virun engem Transport gëtt de Gesondheetszoustand, Impfung an allgemengt Wuelbefanne vum Déier ënnersicht | © Morgane Weidig
Virun engem Transport gëtt de Gesondheetszoustand, Impfung an allgemengt Wuelbefanne vum Déier ënnersicht (Foto: Morgane Weidig)

D'ALVA géif d‘Situatioun ganz genee am A behalen. Den Ament ginn et nach keng Aschränkunge fir Déieren hei am Land, mee d‘Déierebesëtzer sollen hir Déieren awer ganz genee am A behalen a méiglech Symptomer direkt mellen.