arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Drëtt Canicule a Frankräich: 72 Departementer ënner orange Hëtztwarnung

Rekorder a Bëschbränn

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Drëtt Canicule a Frankräich: 72 Departementer ënner orange Hëtztwarnung

A Frankräich sinn an Tëschenzäit scho rëm 72 Departementer ënner Vigilance orange gestallt gi wéinst den héijen Temperaturen. A Meteo-France rechent domat, datt d‘Canicule sech nach weider wäert ausbreeden, och am Nordoste vum Land.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/CHLOE REULET
(Foto: EPA/CHLOE REULET)

Et ass déi drëtt Canicule a Frankräich a manner wéi zwee Méint. Gëschter ass zu Marseille den Temperaturrekord gebrach ginn, mat 40 Grad.

D‘Hëtztwell soll nach bis de 14. Juli a Frankräich unhalen.

D'Bëschbränn a Frankräich fanne keen Enn

Zënter e Samschdeg brennt et am franséischen Departement Pyrénées-Orientales. D'Feier huet mëttlerweil 4.900 Hektar verbrannt an ass nach ëmmer net ënner Kontroll. Haut ass de Risiko fir weider Bränn nees immens héich a Frankräich. 

Gëschter huet e Grupp vun Deputéierten e Gesetzesprojet annoncéiert, deen esou Bränn an Zukunft reduzéiere soll. 

Feier breet sech weider aus

Knapp war d'Feier an de Pyrénées-Orientales e wéineg méi kontrolléiert, huet et gëschter nees plazeweis ugefaangen ze brennen. Wéinst dësem Feier hunn eng 12.000 Persoune missen de Weekend evakuéiert ginn.

Mee net nëmmen hei gräifen d'Flamen ëm sech.

Am Departement Drôme am Südoste vum Land sinn zënter enger Woch iwwer 400 Pompjeeën am Asaz fir d'Feier ze meeschteren, dat sech schonn op 2.500 Hektar ausgebreet huet. Zënter dem 1. Juli sinn am Hexagon insgesamt 7.800 Hektar a Flamen opgaangen. Dat si méi wéi duebel esou vill wéi am ganze Mount Juli zejoert.

Wäerte wuel net déi lescht Bränn bleiwen

Haut da kéinten nach e puer Bränn dobäikommen, besonnesch am Mëttelmierraum ass de Risiko immens héich. Insgesamt schätzt Météo France, datt haut d'Hallschent vum Land ënner héijem Risiko vu Bëschbränn steet. Dat hänkt natierlech mat der Canicule zesummen, déi sech iwwer d'Land ausbreet. Haut stinn 72 Departementer ënner der zweethéchster Warnstuf fir Hëtzt. Scho gëschter gouf op ville Plazen am Land den Temperaturrekord geknackt.

Politiker leeë Plang vir

Fir sech op d'Zukunft ze preparéieren huet e Grupp vu 50 Deputéierten – majoritär vun der Gauche – gëschter annoncéiert, datt een e Gesetzesprojet wëllt abréngen, deen e Fond virgesäit, fir d'Bëscher besser géint Feier ze schützen an un d'Canicullen ze adaptéieren. Ënner anerem proposéiere si méi Fierschter ze rekrutéieren a méi Suen an d'Duerchforstung vun de Bëscher ze investéieren.

play_arrow Lauschteren