search

/ D‘Cargolux muss eng Strof an Héicht vun 1,15 Milliounen Euro bezuelen

Parquet

|
reading time

1 min

D‘Cargolux muss eng Strof an Héicht vun 1,15 Milliounen Euro bezuelen

Et geet ëm eng Affär vun Traffic d‘influence am Gabun tëschent de Joren 2010 an 2015. Betraff wiere Geschäftsaktivitéiten am zentralafrikanesche Land an et géif nëmmen ëm d‘Cargolux als Gesellschaft goen, net ëm eenzel Persounen.

reading time

1 min

Cargolux | © picture alliance / picture alliance / Caro | Eckelt
Cargolux (Foto: picture alliance / picture alliance / Caro | Eckelt)

Wéi et weider am Communiqué heescht, hätt d‘Cargolux d‘Affär selwer gemellt, esoubal si déi illegal Aktivitéite festgestallt hat. Ëm wat genee bei der Affär geet, gëtt net preziséiert. 

D‘Cargolux hätt duerno wärend der ganzer Prozedur mat der Justiz kooperéiert an am Kader vun engem Accord mat der Justiz hir intern Kontrollmechanismen verstäerkt. 

Vu Cargolux heescht et an engem separate Communiqué, datt d‘Urteel keen Impakt op déi lafend Aktivitéiten hätt.