arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 37 Jo-, 11 Neen-Stëmmen an 12 Enthalungen: D'Chamber huet d'Steierreform ugeholl

Chamber

|
reading time

4 min

37 Jo-, 11 Neen-Stëmmen an 12 Enthalungen: D'Chamber huet d'Steierreform ugeholl

D'Steierreform vun der CSV-DP-Regierung, déi den 1. Januar 2028 a Kraaft trëtt, gouf vun der Chamber ugeholl. Vun der Oppositioun hunn d'Piraten, d'ADR an déi gréng géint d'Reform gestëmmt, wärend déi Lénk sech dofir ausgedréckt hunn.

reading time

4 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Nei wäert sinn, datt et an Zukunft nëmmen nach eng eenzeg Steierklass gëtt. Dës Reform soll fir méi Steiergerechtegkeet suergen, méi Kafkraaft a méi een einfache Steiersystem, gëtt versprach. Mat der Individualiséierung soll keen eppes verléieren, hunn d’CSV an DP de Moie widderholl. 

Mat dëser Steierreform géif een zentraalt CSV-Walverspriechen ageléist ginn an e wichtege Punkt aus dem Koalitiounsaccord, esou d’Rapportrice vum Projet an CSV-Deputéiert Diane Adehm. D’Reform gëllt fir Leit, déi de Moment an de Steierklassen 1 an 1a sinn, a fir Koppelen, déi sech no der Reform bestueden oder pacse. 

Iwwergangszäit fir bestuete Koppelen 

De Finanzminister Gilles Roth (CSV) hätt dat fäerdeg bruecht, wat anerer iwwer Joerzéngten net hikritt hätten. Duerch d’Individualbesteierung géif d’Situatioun bannent enger Koppel änneren, huet d’Diane Adehm erkläert.

Fir déi Koppelen, déi virun 2028 bestuet oder gepacst sinn, ass jo eng Iwwergangszäit vu 25 Joer virgesinn. 

"Aktuell sinn 240.000 Menagen an der Steierklass 2. Ënner de gesetzleche Konditioune kënne si bis Enn 2052 weider kollektiv besteiert ginn. Duerfir gëtt den Tarif T agefouert, deen de System vum aktuelle Splitting iwwerhëlt." 

D’CSV-Fraktioun proposéiert no véier Joer eng Auswäertung vun dëser Steierreform ze maachen. Dës Reform géif kengem eppes ewech huelen, huet den DP-Deputéierte Patrick Goldschmidt ënnerstrach.

"Mee si seet deenen nächste Generatioune kloer, jidderee vun iech ass een eegestännege Mënsch, och vis-à-vis vum Fiskus. Dës Reform ass e Projet, dee menger Partei um Häerz läit, an dee mir an der leschter Legislaturperiod leider net ëmsetze konnten. Ëmsou méi freeë meng Fraktiounskolleeginnen a Kolleegen an ech eis, datt mir eise Steiersystem haut endlech moderniséieren a méi gerechtmaache kënnen." 

D'LSAP huet sech beim Vott enthalen 

Dës Steierreform wier net sozial gerecht, huet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot kritiséiert. D'Sozialisten hunn sech beim Vott enthalen. Dësen “historeschen Dossier” wier fir d’LSAP keen einfachen Dossier gewiescht. 

"Well dat hei ass natierlech vill méi wéi just eng Individualiséierung, wat jo u sech eng technesch Adaptatioun vun eisem Steiersystem ass. Dat hei ass eng relativ breet Redistributioun, déi hei gemaach gëtt, eng Steierbaisse, déi gemaach gëtt op eng Aart a Weis, déi an eisen Aen zimmlech ondifferenzéiert."

Ënner anerem fir d’Géigefinanzéiere vun der Steierreform ass d’LSAP-Fraktioun fir eng nei Quellesteier och op Gewënner op Aktien, esouwéi de Finanzminister Gilles Roth se schonn an d’Spill bruecht hat. De Franz Fayot huet haut eng deementspriechend Motioun agereecht. 

Piraten, déi gréng, an d'ADR stëmmen dogéint 

D’Sam Tanson huet den Nee vun déi gréng domat begrënnt, datt een ënnert anerem d’Wäerter sozial Gerechtegkeet a Solidaritéit net an der Reform géif erëmfannen oder net genuch.

"Dëst ass e Projet-Phare vun dëser Regierung. Mä et ass an eisen Aen och eng verpasste Chance. Et ass eng Reform, déi deier ass, déi net géigefinanzéiert an dofir riskant ass."

D'Reform mat engem enorme Käschtepunkt géif kaum eppes un de fundamentalen Ongerechtegkeeten am Lëtzebuerger Steiersystem änneren, kritiséiert d'Sam Tanson.

"Si bleift also a villen Hisiichten hannert deem zréck, wat mir an och Anerer eis scho laang vun enger grousser Steierreform erwaart hätten.”

Déi gréng Politikerin huet gemengt, datt duerch d’Reform net jiddereen eppes bäikrit, mee virun allem déi, déi de Moment nach an der Steierklass 1 sinn. Dogéint géifen zum Beispill déi Elengerzéiend op der Streck bleiwen.

Och vun der ADR an de Pirate koum de Virworf, datt d’Reform ongerecht oder net gerecht genuch wier - si hunn d'Reform - d'selwecht wéi déi gréng - net matgestëmmt. Wougéint déi Lénk, trotz sozial ongerechten Zich, awer d’Individualiséierung vun der Besteierung ënnerstëtzen an dofir och dofir gestëmmt hunn. 

Gilles Roth reagéiert op Kritik 

De Virworf vun den Oppositiounsparteien, datt d’Reform ongerecht wier, wollt de Finanzminister net esou stoe loossen. Séier wuel géife mat senger Reform Ongerechtegkeeten aus der Welt geschafe ginn. D’Diskussioune an der Chamber huet hien domat ofgeschloss, datt "mir virun enger Regierungsentscheedung stinn" an d'Steierreform e kloren Fortschrëtt fir d'Leit a d'Land wier. 

"Fir eist Lëtzebuerg vu Mateneen, vun enger besserer Zukunft, fir d'Leit, fir Entlaaschtung, fir e Mateneen a Gläichheet, fir Eenheet a Vilfalt, fir Fräiheet a Chancëgerechtegkeet, fir Verantwortung a Solidaritéit, fir Opschwonk an nei Perspektiven."

Um Enn wier dës Reform méi wéi just eng Steierreform, seet nach de Gilles Roth. Et wier eng Investitioun an d'Leit, an d'Famill an och an d'Zukunft vum Land, esou seng Wierder.