D'Steierreform, déi 2028 a Kraaft soll trieden, gëtt de 27. Oktober gestëmmt.
Esouwuel d'Steierreform, wéi och aner Ausgaben, déi am Budget fir d'nächst Joer virgesi sinn, wieren net géigefinanzéiert, kritiséiert déi gréng Deptuéiert Sam Tanson. Si mécht sech dowéinst Suergen ëm d'Staatsfinanzen.
"Datt et de Moment ass och fir virsiichteg mat de Staatsfinanzen ëmzegoen. Eppes, wat mir elo net an deem Budget gesinn, deen elo deposéiert ginn ass. Mir sinn der Meenung, datt et wichteg wier, de faméisen Apel fir den Duuscht - fir dem Gilles Roth säi Liiblingssproch aus der leschter Legislaturperiod opzegräifen - éischter an dësen Zäiten unzeleeën, wéi ze kucken, d'Schold weider an d'Luucht ze dreiwen."
D’ADR ass géint d’Steierreform. Familljen, an deenen ee Partner däitlech manner verdéngt wéi deen aneren, oder net schafft, géife staark benodeelegt ginn. Dat wier eng Familljepolitik, déi een esou net kéint matdroen, seet déi zweetgréisst Oppositiounspartei an der Chamber.
CSV wëllt keng Iwwerverschëldung
Fir den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet ass d’Steierreform prioritär, well een domat d’Stéit wëllt entlaaschten. Dobäi kënnt, datt et da just eng Steierklass gëtt.
Wat d’Verschëldung vum Staat ugeet, weist de Laurent Zeimet sech méi optimistesch.
"De Budget ass presentéiert ginn. Et stellt sech awer och do bei deenen Zuelen eraus, datt déi Schwaarzmolerei esou net agetratt ass. D'Schold wäert och an den nächste Joren ënner 30 Prozent bleiwen. Dat ass eppes, wat mir begréissen, well mir wëllen dëse Staat net an eng Iwwerverschëldung féieren."
D’Steierreform, mee och d’Ëmsetzung vun de Moossname bei der Aarmutsbekämpfung, d’Fërdere vun der Elektromobilitéit an déi alternativ Energietechnologien, grad ewéi d’Moossnamen am Beräich Logement, si fir de Koalitiounspartner DP d’Prioritéit an den nächste Wochen.
D'LSAP pocht op de Logement
Fir d’LSAP géif et grad am Logement un effikasse Moossname feelen, kritiséiert d’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding.
"Mir mussen och d'Spekulatioun ugoen, an et ass eppes, wat d'Regierung guer net interesséiert, mee mir wëssen, datt et ee vun den Haaptproblemer och am Logement ass."
Et misst een elo politesche Courage hunn, esou d'Taina Bofferding.
"D'Instrumenter leien um Dësch. Et muss een et just elo ëmsetzen. An et ass wichteg, datt mir géint d'Spekulatioun virginn, datt Terrainen, déi u sech kënne mobiliséiert ginn, bebaut ginn, datt och do eppes geschitt. Dat ass einfach net méi vertrietbar."
déi gréng fuerderen iwwerdeems eng Spezialkommissioun fir d’Klimakris global kënnen unzegoen.
Muer steet ee weider Wiessel an der Chamber un: De Gary Diderich an d'Ana Correia da Veiga wäerten déi zwee lénk Deputéiert Marc Baum an David Wagner ersetzen. Dat, well déi Lénk ee Rotatiounsprinzip hunn.