Virgëschter hätt d'LSAP-Fraktioun kuerz virun der Plenière an der Chamber decidéiert, de Vott anescht auszeleeën, wéi dat initial decidéiert gi war. Et wier du kee Kompromëss fonnt ginn, well et ze vill verschidde Meenunge ginn hätt, esou d'Liz Braz.
Si géif et weiderhi richteg fannen de Projet fir Asyl a Migratioun op europäeschem Niveau ze reegelen.
Dat wier och schonn ëmmer d'Meenung vun der LSAP gewiescht. Och wa si eng gewëss Reserv hat, wat déi national Ëmsetzung ugeet, well dem CSV-Inneminister Leon Gloden seng Gesetzesprojeten op enger Partie Punkten net genuch Schutz an Ofsécherung géife bidden.