arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson: Bei der Energietransitioun feelt et un der néideger Vitess

Héich Energiepräisser

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Sam Tanson: Bei der Energietransitioun feelt et un der néideger Vitess

Och wann d'Situatioun am Moment onkloer ass, sollt d'Regierung net ofwaarden, mee direkt handelen, recommandéiert déi gréng Deputéiert Sam Tanson. D'CSV-DP-Regierung soll preventiv kucken, wat ka gemaach gi bei Energiepräisser, déi héich bleiwen.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Sam Tanson (déi gréng) | © Jo Diseviscourt
Sam Tanson (déi gréng) (Foto: Jo Diseviscourt)

De Wuesstum ass niddereg, de Chômage héich an d’Regierung géif eng Finanzpolitik bedreiwen, "wéi wann et kee Muer géing ginn", esou huet d’Sam Tanson déi aktuell Situatioun resuméiert.

“Mir sinn der Meenung, datt et extreem wichteg ass, datt déi dräi Sozialpartner sech erëm un en Dësch sëtzen, datt gekuckt gëtt, wéi mir d'Land aus där Situatioun do erauskréien.”

Der grénger Deputéierter Sam Tanson no wier et "extreem wichteg", erëm dozou ze kommen, datt den Tripartite-Modell funktionéiert.

Geforen: Inflatioun, Indextranchen, méi héich Zënsen

Et wier gewosst, wéi een Impakt héich Energiepräisser kënnen hunn.

“An zwar net just op de Portmonnie vum Eenzelen, mee dann herno direkt op d'Inflatioun. Do hannendrun natierlech Indextranchen, déi potenziell fälleg ginn an och eeben Zënshaussen, déi kënnen decidéiert ginn, déi dann erëm en Impakt hunn op Prêten, op de Wunnengsmaart an esou weider.”

Fir der Situatioun entgéintzewierken, sollt d’Regierung schonn elo déi néideg Mesurë preparéieren.

D'Fuerderung no enger Prefinanzéierung och fir Wärmepompelen

Méi allgemeng huet d’Sam Tanson verlaangt, datt d’Energietransitioun soll virugedriwwe ginn: d’Diskussioun doriwwer misst zur "absolutter Prioritéit" ginn: et wier net de Moment d’Ambitiounen erofzeschrauwen.

“... datt erëm méi Energie an d'Energiepolitik vun der Lëtzebuerger Regierung erakënnt.”

Néideg wier zum Beispill eng Prefinanzéierung och bei de Wärmepompelen, esou eng méi konkreet Fuerderung.

déi gréng hate gëschter en oppene Bréif un de Premier Luc Frieden ëffentlech gemaach, mat fënnef Fuerderunge fir der Präisdeierecht entgéintzewierken.

play_arrow Lauschteren