arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’EU setzt de Mercosur-Accord provisoresch a Kraaft ouni Ofstëmmung am Parlament

Handelsofkommes

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D’EU setzt de Mercosur-Accord provisoresch a Kraaft ouni Ofstëmmung am Parlament

D’EU-Memberlänner haten den Accord entgéint de Stëmme vu verschiddene Länner wéi Frankräich adoptéiert, d’EU-Parlament huet nach net driwwer ofgestëmmt. Elo soll en trotzdem provisoresch ëmgesat ginn, esou d’Ursula von der Leyen.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Franséisch Baueren hu géint de Mercosur-Accord protestéiert. | © EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
Franséisch Baueren hu géint de Mercosur-Accord protestéiert. (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Den Accord mat véier südamerikanesche Länner war am Januar vun enger Majoritéit vun de 27 EU-Memberlänner ugeholl ginn. D’Europaparlament, wat en och guttheesche muss, huet dat nach net gemaach.

Provisoresch Applikatioun ass den EU-Traitéen no méiglech

An de leschte Wochen hätt si intensiven Austausch mat Vertrieder aus de Memberlänner, genee ewéi dem Europaparlament gehat, esou d’Ursula von der Leyen. 

Déi provisoresch Applikatioun wier esou an den EU-Traitéë virgesinn. Den Accord wier awer eréischt da komplett ofgeschloss, wann d’Parlament en och gutt geheescht huet. D’Kommissiounscheffin huet de Mercosur-Accord als ee vun de wichtegsten Handelsofkommes an där éischter Hallschent vun dësem Joerhonnert bezeechent, als “eng Plattform mat Partner, déi d’Welt esou gesi wéi mir”.

D’EU géif doduerch méi staark a méi onofhängeg. D’europäesch Entreprisen an d’Bierger sollten esou séier ewéi méiglech vun deem Accord profitéiere kënnen, esou d’Kommissiounscheffin an enger kuerzer Deklaratioun.

Schaarf Kritik aus Frankräich 

Den Accord wier awer eréischt da komplett ofgeschloss, wann d’Parlament en och gutt geheescht huet.

D’Decisioun huet an der EU ënnerschiddlech Reaktiounen ausgeléist: Déi däitsch Regierung huet se begréisst. Den Accord wäert zu méi Wuesstem a Wuelstand féieren, weist sech den däitschen Ausseminister Johann Wadephul um Reseau “X” iwwerzeegt.

Schaarf Kritik kënnt iwwerdeems vum franséische President. Frankräich war bis um Schluss géint den Accord a war vun enger Majoritéit vun deenen aneren EU-Länner iwwerstëmmt ginn.

Meenunge bannent de Parteie ginn auserneen 

D’Europaparlament hat sech dee leschte Mount dofir ausgeschwat, datt den Accord misst virum Europäesche Geriichtshaff gepréift ginn. Och hei falen d’Reaktioune ganz ënnerschiddlech aus.

D’Europäesch Vollekspartei begréisst déi provisoresch Applikatioun vum Accord als “kloert Signal un international Partneren, Entreprisen a Bierger”. 

Och d’Sozialiste sinn d’Accord. D’Geleeënheet fir en ëmzesetze misst elo genotzt ginn, esou de President vun der Handelskommissioun am Europaparlament, de Bernd Lange. Kritik kënnt ënner anerem vu Liberalen a Gréngen. D’Meenunge gi bannent de Parteien auserneen.

Parlament muss nach guttheeschen 

Den Accord a Kraaft ze setzen, ier den Europäesche Geriichtshaff tranchéiert huet, géif ee schwéiere Mangel u Respekt vis à vis vum Parlament duerstelle, esou de Commentaire vum President vun der Ëmweltkommissioun am Europaparlament, dem Pascal Canfin.

Et gëtt och Liberaler, wéi déi Däitsch Svenja Hahn, déi positiv reagéieren. Et wier e wichtege Schratt no vir, an Zäite vu geopolitescher an ekonomescher Onsécherheet. Wéini d’Urteel vum Europäesche Geriichtshaff virläit ass net gewosst.

Dat kann awer tëschent engem an zwee Joer daueren. D’Parlament stëmmt eréischt duerno iwwer de Mercosur Accord of.

play_arrow Lauschteren