search

/ D'Gemeng Schiere kritt säin éischt Wandrad – a wëllt e Virbild fir d'Awunner sinn

Erneierbar Energie

|
reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow

D'Gemeng Schiere kritt säin éischt Wandrad – a wëllt e Virbild fir d'Awunner sinn

D’Gemeng Schieren, südlech vun Ettelbréck, iwwerhëlt hire Part beim Ëmstig op erneierbar Energien. Nächste Mount soll dat éischt Wandrad an der Gemeng un d’Netz goen. Iwwer en zweet gët schonn nogeduecht. D'Gemeng wëllt a Saachen erneierbar Energie e Virbild fir seng Bierger sinn.

reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Deeler vum Wandrad zu Schieren | © Diane Lecorsais
Deeler vum Wandrad zu Schieren (Foto: Diane Lecorsais)

Per Convoi exceptionnel goufen déi eenzel Deeler vun der Eolienne an deene leschte Wochen duerch d’Duerf gefouert an hunn do fir e klengt Spektakel gesuergt.

De Bëtonssockel steet

Nach muss d’Wandrad zesummegebaut ginn, mee en éischten Deel steet. 

Matzen an der Natur, wann ee vu Schieren aus Richtung Steeë fiert, deit sech eppes Grousses un. De Chantier ass nach voll am Gaangen, mee trotzdeem kann ee scho gutt erkennen, wat hei opgeriicht gëtt.

De Bëtonssockel vu 86 Meter ass installéiert, de rechtlechen Deel vum Tuerm aus Stol läit am Moment nach dernieft um Buedem, genee ewéi d’Rotorblieder.

Spéitstens am August um Netz sinn

Elo feelt just nach de spezielle Kran, fir dat Schierener Wandrad zesummenzebauen. Mee dee gëtt am Moment awer nach am Réidener Kanton gebraucht. Wann den Asaz do fäerdeg ass, kann et zu Schieren lassgoen, erkläert de Paul Zeimet, Direkter vun der Energiegesellschaft Soler.

"Da geet dat u sech relativ schnell. Da ginn déi lescht dräi Stolsegmenter montéiert, soudatt mir dann op déi Gesamthéischt komme vun der Niewenhéischt vun 160 Meter, dann d'Gondel, de Rotor, de Stator an natierlech zum Schluss d'Flilleken. An dat si mir zouversiichtlech, datt dat am August spéitstens iwwer d'Bün gaangen ass, an datt déi Anlag dann och entspriechend déi éischte Kéier d'Netz aspeist."

An der Nopeschgemeng zu Ierpeldeng, genau geholl zu Bierden, suergen d’Pläng fir eng Wandanlag – zwar nach op dem Gebitt vun Ettelbréck - jo schonn zënter enger Zäit fir vill Diskussiounen. Ee Moment wier souguer d’Nordstad-Fusioun doduerch bal a Gefor geroden.

Den Awunner:innen e klore Message ginn

Zu Schiere wier dat anescht gewiescht, wéi de Schierener Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes ënnersträicht. Bei enger Informatiounsversammlung, déi een zesumme mat Soler organiséiert hat, wier virun allem iwwer eng Fro diskutéiert ginn.

"Wéi kënne mir eis un där erneierbar Energie bedeelegen, finanziell. An do mengen ech ass och de klore Message gewiescht, datt een elo seet, wa mir elo kuerz virdrun, datt mir d'Produktioun lancéieren, och da mol kucke fir ee Joer ze soen, wat bréngt déi Anlag da lo wierklech genau. An dann eeben och dann den Awunner, déi interesséiert wieren, dann och da kënnen ee klore Message ginn, ëm wat et geet a wou se sech dann do eventuell kéinte prozentual bedeelegen."

Als Gemeng géing een och iwwerleeën, eng Part ze kafen, verréit de Buergermeeschter. Esou kéint een déi Awunner ofdecken, déi net déi finanziell Moyenen hunn, fir sech selwer ze bedeelegen.

Den Equivalent vun 20 Anlagen aus den 1990er Joren

Mat de Rotorblieder zesumme wäert d’Wandrad zu Schieren um Enn ganzer 230 Meter Héicht moossen – also däitlech méi, wéi dat fréier üblech war.

Dat éischt Wandrad zu Lëtzebuerg gouf virun 30 Joer um Pafebierf a Betrib geholl a gouf scho laang “repowered”, also duerch e Modell vun der neister Generatioun ersat, wéi de Soler-Direkter Paul Zeimet erkläert.

"Deen heiten Typ ass eng Anlag vun der neister Generatioun. A wann ech elo deen heiten Typ Anlag, eng E138, vergläiche mat der éischter hei zu Lëtzebuerg, da produzéiert eng Anlag wéi déi heiten den Equivalent vun 20 Anlagen aus den 90er Joren."

A souguer domat wier een nach laang net um Enn vum Potenzial ukomm: Zu Eschduerf beispillsweis wier viru Kuerzem de Grondstee fir eng nach méi grouss a performant Anlag geluecht ginn.

Dat Schierener Wandrad soll ronn 10 Millioune Kilowattstonnen am Joer produzéieren, also den Equivalent vun 2.100 Haushalter à 4 Persounen – mécht ronn 8.400 Leit, wéi de Paul Zeimet virrechent. 

E Virbild fir d'Awunner sinn

D’Gemeng Schieren zielt aktuell ronn 2.200 Awunner, mee trotzdeem géif ee schonn iwwer weider Engagementer fir erneierbar Energien nodenken, wéi de Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes verréit.

"Do hu mir eigentlech d'lescht Woch och nach eng Nouvelle kritt, datt mer elo d'Geneemegung hu fir kënnen op d'Kierch eng grouss Photovoltaik ze leeën. An dat geet natierlech an deem selwechte Sënn. Also mir wëllen einfach vill Stroum, vill erneierbar Energie produzéieren an dann eeben einfach, Virbild fir och d'Awunner sinn."

D'Gemeng géing ann och als "klenge Geste" zouasätzlech zu de staatlechen Hëllefen en Deel un Ënnerstëtzung bäileeën.

Och iwwer een zweet Wandrad an der Gemeng géif ee schonn nodenken, wéi de Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes verréit. Elo gëllt et awer fir d’éischt, dat heiten Exemplar fäerdeg opzeriichten.

 

play_arrow Lauschteren