arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dokumentefälschung bei Wunnsëtzumeldung: Siwe Fäll sinn et dëst Joer scho ginn

Stad Lëtzebuerg

|
reading time

2 min

Dokumentefälschung bei Wunnsëtzumeldung: Siwe Fäll sinn et dëst Joer scho ginn

Um Bord vun der Chamberkommissioun fir bannenzegt Affären huet d’Deputéiert a Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Moien erkläert, datt d’Stater Gemeng ganz konsequent géint Abuse bei der Wunnsëtzumeldung virgeet.

reading time

2 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Deemno wieren eng ganz Rëtsch u Kontrollmechanismen en place, déi et dann och dëst Joer schonn erlaabt hätten, e puer Bedruchsversich opzedecken.

Konsequent Kontrollen, esou d'Lydie Polfer

Sech op enger fiktiver Adress unzemelle wier eigentlech net méiglech, esou déi Stater Buergermeeschtesch. Viru puer Joer hätt awer zum Beispill eng Persoun sech an engem administrative Gebai ugemellt, mee dat wier opgefall.

Net ongewéinlech wier allerdéngs, wa sech zum Beispill 40 Leit op der selwechter Adress géifen umellen: Bei grousse Residencen wier dat duerchaus normal. 

"Also mir kontrolléieren zënter enger Rei Jore ganz konsequent, an zwar wann ee sech umelle kënnt, muss ee weisen, entweeder e Bail, also datt en anzwousch eppes lount oder datt de Proprietär, do wou ee sech umellt, datt deen d'accord ass, datt e bäi him wunnt, oder datt ee selwer Proprietär ass."

Véier Fäll un de Parquet viruginn

Mat enger Maschinn kéint een och kontrolléieren, ob Dokumenter wéi zum Beispill d'Carte d'identité richteg sinn. Wann eng Fälschung festgestallt gëtt, da géing systematesch d'Police geruff ginn, esou d'Lydie Polfer.

"Dat hate mir dëst Joer zum Beispill siwe Mol schonn a wou mir véier Mol eeben och dem Parquet dat weiderginn hunn."

play_arrow D'Lydie Polfer

Bei der Immigratiounsaffär, iwwer déi de Parquet jo de 7. Juli kommunizéiert hat, steet och de Virworf vun Abuse bei den Unträg an d’Gemengeregisteren am Raum, déi - am Zesummespill mat anere gefälschten Dokumenter, wéi Aarbechtsverträg oder Diplomer – méi wéi 200 Leit aus Drëttstaaten eng Openthaltsbewëllegung op Basis vu gefälschten Dokumenter a soumat Zougang zu Sozialleeschtungen erlaabt hätten.