arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Biergerinitiativ fuerdert Zréckzéie vun Autorisatiounen beim Käerjenger Contournement

Lokales

|
reading time

1 min

Biergerinitiativ fuerdert Zréckzéie vun Autorisatiounen beim Käerjenger Contournement

D‘Biergerinitiativ Gemeng Suessem huet Recours géint d‘Autorisatioune ëm de Waassermanagement ronderëm de Käerjenger Contournement ageluecht. D‘Autorisatioun wier deemno technesch net komplett a juristesch op wackelege Féiss.

reading time

1 min

Et kéint een deemno net kloer aschätze wéi en Impakt de Projet op d‘Ëmwelt huet. Och d‘Obligatiounen déi sech aus der europäescher Waasserdirektiv ergi géifen net agehale ginn. Dat gëllt zum Beispill fir Héichwaassersituatiounen am Kordall oder och nach fir den Ofwaasserreseau vum SIACH Syndikat.

D‘Charge polluante, also d‘Knaschtbelaaschtung vum Waasser, déi duerch de Contournement entsteet wier net ageschat ginn. Dofir verlaangt d‘Biergerinitiativ, datt d‘Autorisatioun sollt zeréckgezu ginn.