Gëschter stounge 24 Departementer ënnert der héchster Warnstuf, haut kommen der nach 13 dobäi, fir een Total vu 37 Departementer. 26 Millioune Persounen si vun dëser extremer Hëtzt betraff, also iwwer een Drëttel vum Land. Virun allem de Westen an den Zentrum vum Land leiden ënnert den Temperaturen. 46 weider Departementer stinn ënnert der zweethéchster Warnstuf.
De Moie waren et plazeweis scho 26 Grad, d’Temperature kënnen dann haut vereenzelt op ongeféier 41 Grad klammen. An un dëser Hëtzt wäert sech och wuel sou séier näischt änneren. Météo-France schwätzt vun enger Canicule, déi "intensiv, ausgedeent a vun Dauer" ass.
Freedefeier fir de 14. Juli plazeweis ofgesot
Dës drëtt Hëtztwell fir dëse Summer wäert nach bis e Mëttwoch respektiv Donneschdeg daueren, also och iwwer de franséischen Nationalfeierdag en Dënschdeg. Wéinst dem grousse Risiko fir weider Bränn hu vill Gemengen am Land dat traditionellt Freedefeier ofgesot oder verréckelt - deelweis bis op Oktober oder souguer Dezember. Och vill Festivitéiten an Evenementer am Land goufe schonn ofgesot, fir d’Sécherheet vun de Léit ze garantéieren.
Perturbatiounen am Zuchverkéier
Dëse Weekend ass och den éischte grousse Vakanzeweekend am Land. Wéinst der Hëtzt ginn et awer deels staark Perturbatioune beim Zuchverkéier. Bei de regionalen Intercités fiert just een Drëttel vun de geplangten Zich, och bei anere Strecken ass mat Ausfäll oder Retarden ze rechnen.