search

/ D'Hëtztwell vun Enn Juni huet och méi Asätz fir de CGDIS an de SAMU bedeit

National

|
reading time

1 min

D'Hëtztwell vun Enn Juni huet och méi Asätz fir de CGDIS an de SAMU bedeit

Déi héich Temperature wärend der Hëtztwell Enn Juni hu sech och op d'Asätz vum CGDIS ausgewierkt: Bis zu 60 Prozent méi Asätz si wärend der Zäit gefuer gi par rapport zu de Jore virdrun. Wat d'Doudesfäll ugeet, déi duerch d'Hëtzt bedéngt sinn, ginn et aktuell awer nach keng Donnéeën. 

reading time

1 min

De CGDIS war wärend der Hëtztwell vu Mëtt bis Enn Juni däitlech méi am Asaz. Dat geet aus der Äntwert vum Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas ervir.

SAMU: Bis zu 10 Interventiounen den Dag méi wéi soss

An der Moyenne louchen d'Asätz bal 50 Prozent iwwer dem Wäert vun de Joren 2020 bis 2025.

Wärend de rouden Hëtztwarnunge vum 22. bis de 27. Juni louch d‘Hausse esouguer bei ronn 60 Prozent.

Och de SAMU gouf däitlech méi dacks mobiliséiert wéi soss. Tëschent Mëtt an Enn Juni gouf et hei 594 Interventiounen, also ronn 37 den Dag, wat ongeféier 10 Interventiounen den Dag méi entsprécht wéi soss.

Belaaschtung an de Spideeler ënner Kontroll

Dem Léon Gloden no wier d'Situatioun an de Spideeler trotz méi héijer Belaaschtung awer ënner Kontroll bliwwen.

Eng genee Zuel vun Doudesfäll, déi direkt op d'Hëtzt zeréckzeféiere sinn, kéint een de Moment nach net nennen.