Meeschtens weess ee bei engem Theaterstéck am Viraus, wéi vill Akten et huet. Mee dëst Spektakel schreift sech quasi an Echtzäit weider a weider.
Éischten Akt: Een CSV-Minister wëll ënner Beweis stellen, datt hie kee Mann vum Wuert, mee vun der Dot ass. Eng vun den éischten Handlunge vum Léon Gloden als Inneminister besteet doranner, d'Heescheverbuet duerchzewénken.
Zweeten Akt: D'Politik, d'Zivilgesellschaft, d'Medien an d'Kultur reagéieren. Vu ville Verbänn an Institutioune komme Kapprëselen a schaarf Kritik. De Serge Tonnar schreift ee Gedicht a kreéiert eng Karikatur, déi dem Léon Gloden seng Entscheedung kritiséieren. Iergendwellech Blanie sinn der geféierlecher, falscher Meenung, Vandalismus wier eng legitim politesch Interventioun. Si sprayen a picken d'Pneue vum Auto vum Léon Glode sengem Jong futti.
Drëtten Akt: Den Inneminister seet am Gespréich mat "L'essentiel", datt hien déi artistesch Interventioun "très limite" géif fannen: "Tous ces gens doivent se demander s’ils ne sont quand même pas à l’origine de cette action inacceptable contre ma famille."
D'Fräiheet vun der Konscht
Vu Konscht schéngt de Léon Gloden wéineg ze halen, mee wéinstens weess hien seng Roll an dëser nidderer Tragedie gutt ze spillen. Op där enger Säit gëtt et also "tous ces gens", op déi ee klappt, wann et opportun ass. An der Stad gefäerden "tous ces gens" mat hire Kartongsbecheren d'Sécherheet; an an de soziale Medie gefäerden och "tous ces gens" mat hirer Konscht hirersäits d'Sécherheet.
Op där anerer Säit gëtt et dann de Léon Gloden, ee Polit-Jean-fait-tout, deen een immens einfacht Verständnis vu kausalen Zesummenhäng huet. Fir hie gëtt et een direkte Wee vun engem Gedicht zu Vandalismus.
Ee rosene Mann mat Muecht
Dowéinst ass et wichteg, der Logik à la Gloden eppes entgéintzesetzen. Et geet net despektéierlech ëm "all déi Leit", mee – wéi et sech fir eng Demokratie gehéiert – nees an nees a Mol fir Mol ëm eenzel Persounen. Si si vun dëse ministerielle Wierder an Dote betraff. Dowéinst ass et och net domadder gedoen, graff an theoretesch d'liberté d'expression ze verteidegen.
Et muss ee konkret ginn, fir dem Léon Gloden seng Pauschaliséierung ze konteren: De Serge Tonnar hat all Recht, sech op genee déi Manéier auszedrécken. Datt iwwer déi Fräiheet elo diskutéiert gëtt, ass eng eenzeg Perfidie, déi den Inneminister an d'Spill bruecht huet.
Wat bleift no dräi Akten? D'Bild vun engem rosene Mann mat Muecht. De Léon Gloden ass dobäi awer kee Law-and-Order-Cowboy, wéi hien sech dat eventuell virstellt. Kee schlaaksege, staarke Mann à la Clint Eastwood. Hie wierkt éischter wéi ee verhënnerte Lucky Luke, dee wéineg Gléck huet a gutt dräi Méint gebraucht huet, fir iwwer säin eegene Schiet ze trëllen.