arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Messerattack: 27 Joer ale Mann dout an engem Haus zu Märel fonnt ginn

Justiz

|
reading time

1 min

No Messerattack: 27 Joer ale Mann dout an engem Haus zu Märel fonnt ginn

Wéi d'Justiz matdeelt wier gëschter ee 27 Joer ale Mann dout an engem Wunnhaus zu Märel fonnt ginn. De presuméierten Täter, och e Mann vu 27 Joer, wier vun der Police matgeholl an op Uerder vum Parquet an Untersuchungshaft bruecht ginn, heescht et an engem Communiqué.

reading time

1 min

Police | © Frank Hoermann / SVEN SIMON
Police (Foto: Frank Hoermann / SVEN SIMON)

D'Affer wier mat engem Messer aggresséiert ginn. Bis ewell géif et keen Hiweis drop ginn, datt de presuméierten Täter an d'Affer sech kannt hunn. 

Eng Enquête gouf opgemaach ginn.