Nach ass näischt decidéiert. D’nächst Joer sollen d’Bierger:innen hir Meenung per Referendum ausdrécken. Een éischte Stëmmungsbarometer waren d’Informatiounsowender duerchaus an dee kéint een als virsiichteg optimistesch bezeechnen.
Knapp 1.600 Leit wunnen aktuell an der Gemeng Bauschelt, bei den Nopere vun der Stauséigemeng sinn et der 2.300.
Gënschtegen Zäitpunkt fir eng Fusioun
“Zesumme komme mir méi wäit”, esou de Bauschelter Buergermeeschter Jeff Gangler a senger Usprooch um Informatiounsowend. Déi zwee Buergermeeschtere wëllen déi an hiren Ae “fusiounsgënschteg” Zäitfënster notze fir gemeinsam Saach ze maachen. Dëst awer net iwwer d’Käpp vun de Leit ewech, mee zesumme mat den Awunner:innen, wéi de Bauschelter Buergermeeschter Jeff Gangler betount.
"Dee ganze Prozess ass vun Ufank un esou gestart ginn, datt mir Participatioun maachen. Mir hu relativ fréi Participatioun hei an der Gemeng Bauschelt ugefaange mat aner Projeten, wéi en Duerfzenterprojet, wou mir 21 Workshoppen haten, elo iwwer den Duerfentwécklungsprozess, wou mir amgaange sinn."
Et wéilt een dee Prozess zesumme mat de Bierger:inne maachen.
Eng Fusioun fir eppes ze gewannen an net fir eppes ze verléieren. Dat war dee Message, deen ee bei den Informatiounsseancë vermëttele wollt.
Bierger:inne kënnen Iddien abréngen
Dobäi goufen eng Partie Modalitéiten erkläert. De Sëtz vun der Gemeng kéim deemno op Béiwen, de Gemengerot géif an deenen éischte sechs Joer paritéitesch mat jeeweils sechs Gemengerotsmembere besat ginn. En Numm fir déi nei Gemeng misst ee sech nach iwwerleeën.
Wat konkreet Projeten ugeet, esou wéilt een elo zesumme mat de Bierger:inne Besoinen identifizéieren an da konkreet Iddie sammelen. De Marco Koeune, Buergermeeschter vun der Stauséigemeng:
"Wat de Leit uewe läit, d’Liewen, d’Qualité de vie, wunnen, schaffen, mee awer och d’Identitéit. Si wëllen awer sech wuelfillen an deenen Uertschaften, wou si hiert Liewe laang verbruecht hunn oder och nei Leit, déi bäikommen, datt si sech hei mat kënnen integréieren an d’Veräinsliewen."
Dat wier den Objektiv, firwat een eng Fusioun och wéilt maachen.
"Et wëllt een Akzenter setzen, Dierfer erëm nei beliewen, mat Maartplazen, wéi ee Projet hei zu Bauschelt schonn diskutéiert ass, mee awer och doriwwer eraus déi Méiglechkeeten, déi mir iwwer eng Fusioun och kréien, fir Gelder, Steiergelder méi effizient anzesetzen, am Sënn fir eng Regioun ze stäerken, fir d’Zukunft fir déi nächst Generatiounen."
Participatioun kënnt gutt bei Bierger:innen un
D’Awunner:inne vu Bauschelt hu sech der Diskussioun gëschter Owend op jiddwer Fall gestallt, si hunn sech ëmfrot, Bedenke geäussert a Wënsch abruecht.
"Ech fannen dat eng gutt Saach, datt d’Leit hei sinn a sech domadder auserneesetzen."
"Ech hunn och d’Presentatioun super fonnt, do huet ee sech wierklech vill Méi gemaach, eenzel Punkten, positiv Punkten erauszeschneiden a beieneen ze setzen. Natierlech sinn och Gedanken am Kapp, wou Risike bestinn, wou nach net gekläert sinn. Mee déi Saache fënnt een dann och eréischt eraus, wann een an der Fusioun dran ass."
"Et wëllt ee sech jo informéieren éier ee säi Kräiz bei Jo oder bei Nee mécht."
D’Diskussioune sollen elo virugedriwwe ginn, fir d’Bierger:innen am Laf vun 2027 per Referendum zu enger méiglecher Fusioun ze befroen an 2029 eventuell déi éischt Gemengewalen als Fusiounsgemeng ofzehalen. Domat géif d’Zuel vun de Gemengen hei am Land - déi méiglech Nordstadfusioun elo mol net agerechent – vun haut 100 op 99 erofgoen.