arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Problematik op der Stater Gare brauch "aner Äntwerten", seet d'Elisabeth Margue

Justiz

|
reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

D'Problematik op der Stater Gare brauch "aner Äntwerten", seet d'Elisabeth Margue

Persounen, déi a Flagranti erwëscht ginn, solle méi séier virun de Riichter kommen. Dat ass d'Zil vun engem Gesetzesprojet. Kritiker fäerten, datt déi concernéiert Persounen zum Deel hir Rechter verléiere kéinten. D'Justizministesch widdersprécht deem a verweist op d'Néidegkeet vun deem Gesetz.

reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow
D'Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt
D'Elisabeth Margue (Foto: Jo Diseviscourt)

De Gesetzesprojet iwwer d'Comparution accélérée gouf op den Instanzewee geschéckt. Et ass e weidere Schrëtt am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit.

Ännerungen néideg fir eng méi effikass Aarbecht ze garantéieren

Persounen, déi op frëscher Dot erwëscht ginn, sollen deemno an Zukunft méi séier virun de Riichter bruecht kënne ginn.

D’Justizministesch Elisabeth Margue erkläert am 100,7-Interview, firwat dat geschéie soll.

“Wa mir gären hätten, datt d’Justiz méi effikass schafft, da muss se och séier Urteeler kënne fällen.”

D’Zil ass et, dat bei verschiddene Strofdoten ze maachen. Zum Beispill bei Drogendelikter, haislecher Gewalt oder engem Vol mat Violence.

Nämmlecht Konditioune fir d'Détention préventive

Méi séier virun de Riichter kommen heescht konkreet, innerhalb vun aacht Deeg no der Citatioun, oder innerhalb vun engem Mount, wann de Verdächtegen an der Détention préventive ass.

D’Konditiounen, fir an d’Détention préventive ze kommen, bleiwen iwwerdeems déi selwecht, seet d’Elisabeth Margue. 

Et ass den Untersuchungsriichter, deen dat op Basis vun den néidege Beweiser ordonéiere kann. Bis d’Audienz vun der Affär stattfënnt kann de Verdächtegen esou festgehale ginn.

Eng Balance ass gesicht ginn

Verschidde Kritiker fäerten, datt d’Verteidegungsrechter vun de concernéierte Persoune beanträchtegt kéinte ginn.

D’Justizministesch betount allerdéngs, datt ee probéiert hätt, eng Balance am Gesetzestext ze fannen. Op där enger Säit der Justiz d’Méiglechkeet ginn, séier ze handelen. Op der anerer Säit d’Rechter vum Verdächtege bäibehalen.

“Déi klassesch Rechter bleiwen erhalen. D’Recht op en Affekot, den Accès op den Dossier. Et huet een och eng Rei Deeg, bis zu engem Mount, fir alles ze preparéieren.”

Och d'Police huet sech méi Effikassitéit gewënscht

D’Reform ass en Deel vun der Strategie, déi sech d’Regierung am Kader vum Drogendësch 2.0 am Kampf géint den Drogenhandel ginn huet. Ënner anerem wier et och d’Demande vun der Police gewiescht, méi effikass kënnen ze schaffen, seet d’Elisabeth Margue.

“Perquisitiounen zu aneren Horairë maachen, Observatiounen anescht organiséieren. Zum Beispill Fotoen am ëffentleche Raum huelen.”

D’Zil wier et, esou d’Justizministesch, eng “schnell an effikass Äntwert ze ginn op den Drogeproblem, dee mir och op der Stater Gare gesinn.”

Garer Quartier als negatiivt Beispill

Déi organiséiert Kriminalitéit wier d’Suergekand vun der Regierung, gëtt d’Ministesch zou.

“All Mesuren, déi mir proposéieren, (...) haten ëmmer zum Zil déi organiséiert Kriminalitéit ze viséieren an déi schlëmm Kriminalitéit ze viséieren. (...) Am Endeffekt ass et eng Combinaison aus enger ganzer Rei vu Mesuren, fir dat an de Grëff ze kréien.”

D’Elisabeth Margue nennt dobäi ëmmer de Garer Quartier als Problemzon.

“Mir mussen eng aner Äntwert ginn op d’Problematik, déi mir op der Gare erliewen.”

Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Journalisten

Haut um Dënschdeg ass iwwerdeems de Vott iwwer de Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Journalisten. De Presserot hat den Text zwar generell begréisst, eenzel Punkten awer kritiséiert.

Wann e Journalist an Zukunft eng Demande un eng Verwaltung schéckt, da muss déi en Accusé de réception erausschécken, wou eng Indikatioun bezüglech zur Waardezäit op eng Äntwert ugi gëtt. E fixen Delai gouf net ageféiert.

Verwaltunge brauchen eng gewëss Flexibilitéit

D’Elisabeth Margue erkläert, datt net all Demande d’selwecht ass, an een dowéinst de Verwaltungen och eng gewësse Flexibilitéit zougestoe misst.

“Ass et eng Demande, wou 100 Dokumenter gefrot ginn, oder eng wou 3 Dokumenter gefrot sinn? Ass et eng Info, déi ech direkt op mengem Computer erëmfannen, oder déi an den Archive läit? Dat muss méiglech sinn ze kucken, éier ech eng Indikatioun zum Delai maachen.”

An anere Länner sinn d’Reegele méi strikt. D’Elisabeth Margue erënnert awer drun, datt och zu Lëtzebuerg an Zukunft spéitstens no engem Mount eng Äntwert muss gi sinn. Dat wier a Frankräich an an der Belsch och esou.

Kuerz Auszäit no der Gebuert vum Kand

Fir August erwaart d’Elisabeth Margue dann hiert Kand. Am Virfeld géint si schonn e bësse méi lues trëppelen, wat d’Aarbecht ugeet. Och no der Gebuert wäert si eng Rei Wochen net do sinn, huet si am 100,7-Interview nach emol confirméiert.

play_arrow Lauschteren