Radioen

On air

Tockcity  |  BADBADNOTGOOD - Playgroup

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ D'Providers kréie 25 Joer

Den Hallwer Néng

D'Providers kréie 25 Joer

D‘90er Jore war eng Zäit an deene ganz vill Coverbande gegrënnt goufen. Eng dovunner waren d‘Providers. Dës Woch feiere si hire 25. Anniversaire.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Jo Diseviscourt play_arrow

„Voll Gebéit“ huet d‘Band als éischt geheescht. 1997 hu si zu 3 ugefaangen an enger Garage zu Kielen, Musek ze maachen. Ëmmer méi Leit sinn dobäi komm fir matzesangen, sou datt ëmmer mäi gecovert gouf, erënnert sech de Bassist Jhemp Bertemes zeréck.

Mat 15 Joer um éischte Bal gespillt

Ouni Récksprooch mam Recht vun der Band hat ee Member dann ee Bal ugeholl. De Jhemp Bertemes huet réischt 3 Méint Bass geléiert.

"Am Fong war et cool, datt en dat gemaach huet." Deen alleréischte Bal, war dann zu Réiser. Do war de Jhemp Bertemes grad mol 15 Joer al. Wärend der Paus wier hien dowéinst bal net méi eragelooss ginn.

"Ech hunn du gesot: Hei, komm mir maachen en Deal, wann ech net an zwou Minutten op der Bün sti mam Bass da kanns de mech erausgeheien."

1999 koum dann d‘Decisioun, datt een dat méi seriö wéilt maachen. Aus "Voll Gebéit" ass "Providers" ginn.

Interesse u Livemusek kënnt nees zeréck

25 Joer méi spéit, ass d‘Demande net méi grad esou grouss. Aus finanzielle Grënn géifen d‘Organisateuren éischter op DJen zeréckgräifen, erkläert den Trompettist Raoul Christophe. Ëmmerhi sti bei de Providers eng 11 bis 14 Leit op der Bün. Trotzdeem géif den Interessi u Livemusek nees zeréckkommen.

Zu sou vill ze sinn, wier als Coverband ee Virdeel. Et kéint ee ganz villfälteg Musek aus verschiddene Genre spillen. 2003 hätte si och mol probéiert eege Musek ze schreiwen.

"D'Resultat war ok. Ech mengen dat léisst sech trotzdeem weisen, wat mer gemaach hunn. Mee et huet een awer gemierkt, datt dat, wat mer komponéiert hunn, awer zum groussen Deel iergendwou scho ginn ass."

Iwwer 1.000 Lidder hunn d‘Providers bis elo scho gecovert. Op hirem Anniversaire den 23. November am Atelier wäerte si 90 Stécker spillen.