arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justizministesch: Situatioun vu Fraen am Prisong kéint net esou séier verbessert ginn

National

|
reading time

2 min

Justizministesch: Situatioun vu Fraen am Prisong kéint net esou séier verbessert ginn

D’Situatioun vun de Fraen am Prisong zu Lëtzebuerg misst sech onbedéngt verbesseren. Dat fuerderen d’Deputéiert queesch duerch d’Parteien, bei enger Diskussioun an der Chamber. Si hunn sech dobäi op e Rapport vun Ombudsman Claudine Konsbruck baséiert.

reading time

2 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

D’Deputéiert hu virop verlaangt, datt d’Raimlechkeete grad ewéi déi psychiatresch Betreiung vun de Fraen am Prisong sech misst verbesseren. De Rapport op deen si secch baséieren, gouf ufanks des Jores vun der Ombudsman Claudine Konsbruck an hirer Funktioun als contôleur externe des lieux privatifs de liberté, virgestallt. 

Manner Chancen fir eng gutt Reinsertioun

Fraen hätten den Ament och just eng reduzéiert Offer un Aktivitéiten an Aarbechten, déi eng Reinsertioun an d’Gesellschaft géife méi schwéier maachen. D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue huet geäntwert, datt vill kleng Ännerunge schonn ëmgesat gi wieren. Grouss Ännerunge wieren den Ament awer net méiglech.

"De Problem ass, datt de ganze Rescht wierklech eréischt ka geännert gi wa mer en neie Prisong bauen. Well mer am Moment duerch strukturell Limitatiounen ebe limitéiert sinn."

Neien Prisong fir eng besser Prise en Charge

Eng Verbesserung à court terme vum Emfëld vum Häftlin wier op alle Fall ganz wichteg, esou d'CSV-Justizministesch. Schonn déi fréier Regierung hätt 2019decidéiert, datt mer en neie Prisong néideg wier.  

"2023 war deen éischte Projet och fäerdeg, deen awer leider net vun der Commission d'analyse critique der CAC gutt geheescht ass. Säit deem gëtt awer um Projet weidergeschafft. An natierlech ass d'Prioritéit och de Frae-Block an de Sécherheetsperimeter."

Bis Enn vum Joer soll där Kommissioun dann en neie Projet virgeluecht ginn, esou nach d’Justizministesch Elisabeth Margue.