Den Drock op de FIFA-Chef gëtt ëmmer méi grouss. D‘UEFA ass elo am gaangen eng Plainte géint de FIFA-President Gianni Infantino ze preparéieren, wéinst deloyaler Gestioun.
D‘Plainte soll an der Schwäiz agereecht ginn.
Sträit ëm de WM-Deal
Hannergrond sinn dem Infantino seng ëmstridde Pläng, fir d‘Fussball-WM fir privat Investisseuren opzemaachen. Dat hat den Infantino jo heemlech geplangt, dunn awer, wéinst der viller Kritik, erëm fale gelooss. Et kéinten och nach weider Mataarbechter vum FIFA-Chef mat ugeklot ginn.