arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fanorganisatiounen uechter d'Welt fuerderen de Récktrëtt vum FIFA-President Infantino

Fussball

|
reading time

1 min

Fanorganisatiounen uechter d'Welt fuerderen de Récktrëtt vum FIFA-President Infantino

An enger Petitioun fuerdere Fussball-Fanorganisatioune vu queesch uechter d’Welt de Récktrëtt vum FIFA-President Gianni Infantino. Am Text vun der Petitioun steet, d’Vertrauen an den Gianni Infantino wier definitiv gebrach.

reading time

1 min

© EPA/SARAH YENESEL
(Foto: EPA/SARAH YENESEL)

Hien hätt de Fussball bedrunn a lächerlech gemaach an domat säi Recht verspillt, fir d’Weltfussballorganisatioun nach weider ze leeden. 

Schonn dausenden Ënnerschrëften

D’Kritik ziilt virop op d’Pläng, fir Deeler vun de FIFA-Competitiounen, wéi zum Beispill der Weltmeeschterschaft, u privat Investisseuren ze verkafen.

D’Petitioun, déi haut online gaangen ass, gouf vu verschiddene kontinentalen, grad ewéi nationale Fangruppéierunge lancéiert. Bannent e puer Stonnen huet se scho méi wéi 4.000 Ënnerschrëfte kritt.