search

/ D'US-Interventioun a Venezuela léisst zeréck denken un d'Geschicht

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D'US-Interventioun a Venezuela léisst zeréck denken un d'Geschicht

D’US-Interventioun a Venezuela rifft Erënnerungen zeréck. D’US-Regierung versprécht - wéi ëmmer, wa se a Latäinamerika agegraff huet - Fräiheet, Demokratie a Wuelstand. Am Fräie Mikro e Bléck zeréck an d’Geschicht vun der Simone Beck, der Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Simone Beck | © Chris Zeien
Simone Beck (Foto: Chris Zeien)

1823 huet den amerikanesche President Monroe an enger Doktrinn, déi bis haut nowierkt, Latäinamerika zur Aflosszon vun den USA erkläert. Um Pobeier hunn d’USA domat géint d’Kolonialpolitik vun den Europäer Stellung bezunn.

An der Praxis awer goufen op Basis vun där Doktrinn US-Interventioune gerechtfertegt, déi den Ausbau vu politescher a wirtschaftlecher Muecht a Latäinamerika zum Zil haten.

"Speak softly and carry a big stick"

1904 huet de President Theodore Roosevelt d’Monroe-Doktrinn, där hire Slogan "Amerika den Amerikaner!" war, duerch de Roosevelt-Corollaire ergänzt. Dee beseet, datt d’USA militäresch a Latäinamerika kënnen agräifen, wann d’Lag an engem Land onstabil gëtt an doduerch d’Interête vun den amerikanesche Firmen a Gefor geroden.

Duerch d’Dollar Diplomacy - iwwer de Biais vun amerikanesch Kompanien – ass et der Regierung gelongen, groussen Afloss a Latäinamerika ze gewannen.

Fir US-Investitiounen ze schützen, sinn tëschent 1898 an 1934 d’USA ënner anerem an Haiti, Kuba oder der Dominikanescher Republik intervenéiert. Dat waren déi sougenannte "Banana Wars", wou et virun allem drëm goung, d’Bananneplantagen an d’Handelsweeër vun der United Fruit Company ze schützen. An dat mat Hëllef vun den US-Marines an duerch Bestiechung oder Expropriatiounen.

Gutt an nëtzlech Noperen

Ufank den 1930er Joren huet de President Franklin Delano Roosevelt e Kurswiessel agelaut: Aus der Big-Stick-Policy gouf d’Good-Neighbour-Policy.

Och fir sech Allianzen a Krichszäiten ze sécheren, gouf op direkt militäresch Interventioune verzicht. Et goufen awer weiderhin autoritär Regimmer ënnerstëtzt, esoulaang se den USA d’Partie gehalen hunn a fir si vun Notze waren.

Demokratie duerch Militärdiktaturen?

Vun 1947 bis Ufank der 1990er Joren, am sougenannte Kale Krich, gouf Latäinamerika zu engen ideologesche Schluechtfeld, wou de Kampf géint Kommunismus a Sozialismus déi iewescht Prioritéit war.

1954 inzenéiert de CIA e Militärputsch a Guatemala géint déi demokratesch gewielte Regierung vum lénke President Árbenz Guzmán, well seng Landreform d’Interête vun der United Fruit Company a Gefor bruecht huet. Folleg: Eng laang Militärdiktatur mat Gewalt, Mënscherechtsverletzungen a Korruptioun.

Dat selwecht widderhëlt sech 1973 a Chile, wann d’USA de Militärputsch géint den demokratesch gewielte sozialistesche President Salvador Allende ënnerstëtzen, deen d’United Copper verstaatlecht hat. Folleg: Eng laang Militärdiktatur mat Gewalt, Mënscherechtsverletzungen a Korruptioun.

D'Verprieche vun der US-Regierung

A Venezuela geet et ëm de Pëtrol. Bis den Hugo Chavez 2007 d’Pëtrolsindustrie, déi fest an US-amerikanescher Hand war, verstaatlecht huet, war Venezuela ee vun den Haapt-Pëtrolsliwwerante vun den USA. Wat en elo erëm dierft ginn, allerdéngs net aus fräiem Entschloss.

Awer d'US-Regierung versprécht – wéi ëmmer, wa si a Latäinamerika agegraff huet – Fräiheet, Demokratie a Wuelstand ze bréngen.

Wann dat géif klappen, bréicht se jo am Fong keng Maueren opzeriichten.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

 

play_arrow Lauschteren