D'USA hunn iwwerdeems all de Länner, déi d’Sanktiounen net matdroen, och mat wirtschaftleche Suitte gedreet.
Den Iran huet relativ entspaant op déi annoncéiert Sanktioune reagéiert. Fir den iranesche Wirtschaftsminister Ali Madanisadeh hätt Teheran en Zwee-Jores-Plang géint d’Sanktiounen, esoudatt déi Vereenegt Staaten eng nei Néierlag erleide géifen.
Syrie gëllt net méi als Supporterstaat vum Terrorismus
Nieft de Sanktioune géint Teheran hunn d’USA gëschter Owend wësse gelooss, datt si Syrie vun der Lëscht vun deene Länner erofhuelen, déi den Terrorismus ënnerstëtzen.
De Chef vun der syrescher Zentralbank huet an deem Kontext vun engem historesche Schrëtt fir säi Land geschwat. Syrie stoung zënter 47 Joer op där Lëscht, wouduerch ënner anerem Investissementer an d’Land am Mëttleren Oste limitéiert waren.