arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel soll bereet sinn, sech aus Gazasträif zeréckzéien an Hamas wëllt Waffen ofginn

Gazasträif

|
reading time

1 min

Israel soll bereet sinn, sech aus Gazasträif zeréckzéien an Hamas wëllt Waffen ofginn

D'Hamas soll bereet sinn, hir Waffen ofzeginn a bereet fir eng Entmilitariséierung vun der Gazasträif: iwwer Vermëttler hätt déi islamistesch Organisatioun dem finalen Text an dem Zäitplang zougestëmmt, heescht et aus US-Kreesser an aus Quelle vum sougenannte Friddensrot.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

Weider Detailer missten an den nächste Wochen ausgeschafft ginn. Kuerz virdrun hat den US-President matgedeelt, datt de Friddensrot een Accord fir ee "komplett Entwaffne" vun der Hamas erreecht hätt. Israel soll bereet sinn, sech aus der Gazasträif zeréckzezéien.

Dem Donald Trump säi Friddensrot ass ëmstridden: Kritiker no wier dëse Gremium eng Konkurrenz zur UNO. Responsabeler vun der Hamas hu confirméiert, datt et een Accord géif ginn.