De 56 Joer ale Kleriker Modschtaba Chamenei huet d’Noutwennegkeet fir d'Revanche betount, besonnesch fir d’Schülerinnen, déi bei enger Loftattack ëm d’Liewe komm waren.
Esou heescht et an enger Deklaratioun vum Chamenei, déi op der staatlecher Televisioun am Iran verlies gouf.
Modschtaba Chamenei: d’Strooss vun Hormus soll viru blockéiert bleiwen
Den neie Reliounsleader a Staatschef Modschtaba Chamenei huet a senger éischter Deklaratioun och gefuerdert, datt den Iran sech misst verdeedegen an d’Land misst zesummenhalen. “Och muss weiderhin den Hiewel vum Blockéiere vun der Stross vun Hormus genotzt ginn”, huet et dora geheescht.
Vun de Golfstaaten huet de Chamenei verlaangt, datt si US-Base sollen zoumaachen.