Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dora Jar - Cannonball

play_arrow Live
search

/ D'lescht Joer gouf manner Diesel verkaaft

Fossil Energie

D'lescht Joer gouf manner Diesel verkaaft

D‘Vente vum Diesel ass d‘lescht Joer ëm 6 Prozent erofgaangen. Dee Bilan zitt de Groupement Energies Mobilités Luxembourg - GEML - de Moie virun der Press.

auto_stories

1 min

Diesel | © Bigstock / gualtiero boffi
Foto: Bigstock / gualtiero boffi

De Verkaf vu Bensinn dogéint ass ëm bal 13 Prozent eropgaangen. Den Diesel mecht awer weiderhin iwwer 60 Prozent vum verkaafte Sprit am Allgemengen aus.

Weider war et och d'Annonce, datt den Eric Bleyer vun Aral Letzebuerg neie President vum GEML ass. Hien ass den Nofollger vum Romain Hoffmann, deen am Mee 2024 seng Demissioun, no 13 Joer Presidence, eragereecht huet. Hie wéilt déi selwecht Politik weiderfeieren an der Regierung weiderhi berodend zur Säit stoen, esou den Eric Bleyer.