No engem Bericht vum Noriichtemagasinn Spiegel, an deem d‘Schauspillerin Collien Fernandes schwéier Virwërf géint hiren Ex-Partner erhieft, géif déi schonn agestallten Enquête elo nees opgeholl ginn, esou de Parquet.
Debatt an Däitschland ausgeléist
D‘Virwërf bezéie sech drop, datt hiren Ex-Partner Fake-Accounts soll erstallt a bedriwwen hunn. Mat deene Profiller sollen och intim Fotoe gedeelt ginn.
De Fall huet an Däitschland eng Debatt iwwer digital Gewalt géint Fraen ausgeléist.
Et gëllt d‘Presomption d‘innocence.