Am Ganzen hunn déi nei Nationaltraineren Daniel Zirbes a Cristina Correia 10 aner Spillerinnen an hiren éischte Kader geruff wéi den Dan Santos am Februar a säi leschte Kader. Wéinst inappropriéierte Messagen u verschidde Spillerinne war de Coach jo no de Matcher géint Schottland entlooss ginn. Haut war den Dan Santos och kee grousse Sujet op der éischter Pressekonferenz vu sengen Nofollger.
Am RTL-Livestream huet den FLF-Jurist Marc Diederich bei enger Fro an deem Sënn de Ball direkt an den Aus gespillt, fir am Fussball-Jargon ze bleiwen.
"Dat ass haut keen Theema! Haut ass de Fokus op deenen zwee Matcher géint Israel."
Wéi genee d'Opdeelung ausgesäit gouf net gesot
Bei deenen zwee Matcher wäert den Daniel Zirbes Coach un der Säit sinn an d’Cristina Correia kucken, de ganzen Iwwerbléck ze behalen. Méi prezis Aussoen zu der Aarbechtsopdeelung gouf et net. Fir den Daniel Zirbes ass Israel eng talentéiert a physesch staark Ekipp, soudatt ee vun zwee schwéiere Matcher ausgeet.
"Die Spiele sind sehr wichteg für uns, well die Mädels wollen sich beweisen in der B-Liga."
Laura Miller fält aus
No, esou den Daniel Zirbes, zwee méi schwaachen Optrëtter géint d’Schottinnen, misst ee kucken, wéi een der Ekipp hëllefe kéint. De Schwéierpunkt vun der Aarbecht léich op der Defense, mee och a Ballbesëtz wéilt ee besser spillen, wëssend datt een awer net alles verännere kéint. Verännert ass jo mol de Kader, an deem ënner anerem d’Kapitänin Laura Miller blesséiert feelt.
"Sie fällt mit Muskelfaserriss aus, sodass das jetzt für diesen Stage nicht reicht, well sie erst die Wiedereingliederung in das Mannschaftstraining um den 15. April herum geplangt hat."
Wien d’Laura Miller als Kapitänin ersetzt, wäert sech an den Traininge vun en Dënschdeg u weisen. An och wann de Kader eng aner Nues huet, schafft een der Cristina Correia no zënter 6 Joer mat deene beruffene Spillerinnen:
"Et ass e schwéiere Moment fir d'A-Ekipp, awer et ass eng Chance och fir déi Jonk, sech ze beweisen."
Datt déi zwee Matcher wéinst dem Krich am Noen a Mëttleren Osten am Huis clos an op neutralem Terrain gespillt ginn, ass fir déi zwee Traineren iwwregens kee grousst Theema.