Radioen

On air

Notturno  |  Dhaima - Reggae On Sunset

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

SOT EMOL

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Sport gehéiert sécher zu de wichtege Fräizäitbeschäftegungen, vläicht souguer op der ganzer Welt, aktiv mee awer och passiv. Well Sport jo och an de Medien extrem vill consomméiert gëtt. Mee ënnert de ville Sportler op der Welt an och zu Lëtzebuerg ginn et der eng Partie déi eraus stiechen, an un déi ee sech ëmmer nees gären erënnert, an dozou gehéiert ganz bestëmmt och d’Liichtathletin Danielle oder Dany Kaber.

auto_stories

3 min

headphones

57 min

Dany Kaber | © Jean Claude Majerus play_arrow

Den 23. September 1988 am süd-koreanesche Seoul war ganz sécher een oder den Highlight an der Leeferinnekarriär vun der Dany Kaber, dat war den Dag vum olympesche Marathon bei den olympesche Summerspiller zu Seoul, wou d’Athletin an enger Zäit vun 2 Stonnen 29 Minutten an 23 Sekonnen als Siwent iwwert d’Arrivée gelaf ass, eng enorm Leeschtung.

E neie Landesrekord

An natierlech war dës Zäit am Olympesche Marathon och Lëtzebuerger Landesrekord, dee bis haut steet. A beandrockend ass och, datt d’Dany Kaber am Fong dat selwecht Joer wéi d’Olympesch Spiller iwwerhaapt eréischt hiren éischte Marathon zu Hamburg gelaf ass.

Grad esou wéi den nationale Rekord am Marathon, huet d’Dany Kaber och nach ënnert anerem d’Rekorder iwwer 5000 Meter an 10 000 Meter an och iwwert de Semi-Marathon.

Den 23 September 1988

Dat war den Dag vum Fraemarathon op den Olympesche Spiller zu Seoul, en Dag an eng Course mat där d’Dany Kaber sech deemools an der Weltspëtzt etabléiere konnt. Hir Course vum Liewen zu Seoul ass elo scho 36 Joer hir, an deen Dag, déi Course si vläicht net méi esou am Alldag present mä ganz kann d’Dany Kaber dat awer ni vergiessen.

"A mengem Kapp, onbewosst schwieft dee schonn ëmmer do, an un den Dag kann ech mech nach zimmlech gutt erënneren."

Fir de Lëtzebuerger Sport war der Dany Kaber hir Leeschtung beim Olympesche Marathon aussergewéinlech. Als Sportlerin tendéiert ee jo gären dozou ze soen „ech mengen et wier méi dra gewiescht“. Dat Gefill huet an hat d’Dany Kaber net.

"Ah Neen, do muss ech awer éierlech zouginn, ech war mega zefridden, also ech wousst schonn ech wier gutt a Form. Mee e Marathon, dee leeft ee jo net all Dag an et war jo och eréischt mäin zweeten."

"Ech wollt Marathon lafen"

Am Abrëll 1988 ass d’Dany Kaber hiren éischte Marathon zu Hamburg gelaf, mat direkt engem neie Lëtzebuerger Rekord. An dorobber hin decidéiert d’Dany Kaber bei den olympesche Spiller de Marathon ze lafen, och wa se scho fir 10.000 Meter preselektionéiert war, wat jo bis dohinner der Athletin hir Spezialdisziplinn war.

"Eigentlech hunn ech schonn ëmmer als Jugendlech scho gespuert, datt mäin Talent op de längere Strecke géif leien. Also ech war iwwerzeegt dovun, datt ech eng besser Performance géif maachen op dem Marathon wéi op den 10 000 Meter. An ech wollt dat absolut."

D’Dany Kaber ass eng grouss Lëtzebuerger Sportlerin a wéi wichteg der Leeferin hir Performance waren, weist och datt si 1985, 1986 an 1988 als Sportlerin vum Joer gewielt gouf.

Lauschterenplay_arrow