Radioen

On air

Mëttesrascht  |  FKA Twigs - Perfect Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Affär de Nutte: Sportminister ënnersträicht Noutwendegkeet vun enger Mediatiounsinstanz

Sport

No Affär de Nutte: Sportminister ënnersträicht Noutwendegkeet vun enger Mediatiounsinstanz

Hie géif bedaueren, datt de Sträit tëscht der Dëschtennisfederatioun an der Sarah de Nutte un d’Ëffentlechkeet geroden ass. Dat äntwert de Sportminister Georges Mischo op eng parlamentaresch Fro vum Marc Baum vun déi Lénk.

auto_stories

1 min

De Georges Mischo schreift, et wier essentiel, datt sech d’Athleten an engem Ëmfeld beweege kéinten, dat eng fräi a respektvoll Meenungsäusserung zouléisst. All Federatioun wier dozou opgeruff, hir intern Affären am Respekt vun den eegene Reglementer ze geréieren.

De Georges Mischo seet och, hie wéisst Bescheed doriwwer, datt et virun der Affär Sarah de Nutte e Sträit tëscht der FLTT an dem Eric Glod gouf. Deen hat doropshi jo e Schlussstréch ënner seng international Karriär gezunn.

Um Enn heescht et vu Säite vum Sportminister, datt hie ferm envisagéiere géif, fir a senger Amtszäit eng Mediatiounsinstanz anzesetzen, sou wéi dat am Koalitiounsaccord virgesi wier.