Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
search

/ De Bob Haller hält op 

Triathlon

De Bob Haller hält op 

De Lëtzebuerger zitt, no 16 Joer, e Stréch ënnert seng sportlech Karriär. Dat huet de Profi-Athlet de Moie matgedeelt. Seng Decisioun hätt och mat der Prozedur ze dinn, déi d‘Lëtzebuerger Anti-Doping-Agence géint hie lancéiert huet. De Bob Haller hat an de leschten 12 Méint 3 prozedural Feeler bei den Doppingkontrolle gemaach. Hie wier ni gedoppt gewiescht, mee hie war net, wéi dat verlaangt gëtt, disponibel, wéi d‘Kontrolle gemaach gi sinn. 

auto_stories

2 min

Bob Haller | © COSL
Foto: COSL

Domat ass de Bob Haller enger Suspendéierung vun der ALAD zevirkomm. Déi huet elo an engem Communiqué matgedeelt, datt de Bob Haller wéinst deene prozedurale Feeler géif fir 12 Méint suspendéiert ginn. D‘ALAD ënnersträicht awer och, datt de Bob Haller mat der Anti-Dopping-Agence zesummegeschafft hätt a seng Feeler agesinn hätt. Dowéinst wier d'Spär vun den üblechen zwee Joer op ee Joer reduzéiert ginn. si ass de 27. August ugelaf. 

Anere Fall wéi am August

Dëse Fall ass iwwregens net deen, deen de radio 100,7 Ufank August gemellt hat, datt e Profisportler wéinst enger präsuméierter Violatioun vum Antidopping-Kodex vun der ALAD eng Spär vun zwee Joer riskéiert. Dee Sportler hätt och d’Méiglechkeet kritt gehat, fir säi Feeler anzegesinn an déi maximal Spär vun zwee op ee Joer reduzéiert ze kréien, ma en hätt déi Propos net acceptéiert.

De Fall vun der Sarah de Nutte gëtt elo beschwat

A bal zwee Méint no de Mëssstänn op den Olympesche Spiller zu Paräis ass haut eng Entrevue tëscht de Responsabel vun der Dëschtennis-Federatioun an dem Sarah de Nutte. Enn Juli hat d’Olympionickin an der franséischer Haaptstad kritiséiert, datt hiren Trainer si do net coachen duerft, an de COSL hat sech op d’Säit vun der Athletin gestallt. Virun zwou Wochen hat den FLTT-President André Hartmann op enger Pressekonferenz erkläert, d’Aussoe vum Sarah de Nutte a vum COSL hätten der Dëschtennis-Federatioun geschuet, et géif een och bedaueren, datt d’Gespréich mam Sarah de Nutte elo eréischt an eent mam COSL eréischt de nächste Mount méiglech wier. Fir d’FLTT hätt een net dovu schwätze kënnen, datt d’Sarah de Nutte bei den Olympesche Spiller am Stach gelooss gi wier.