arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf annoncéiert säi Récktrëtt

National

|
reading time

1 min

Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf annoncéiert säi Récktrëtt

Wéi RTL mellt ass de Récktrëtt awer nach net fir direkt. E méiglechen Datum kéint den 1. Februar d'nächst Joer sinn, wann de Jean-Marie Halsdorf 70 Joer al gëtt.

reading time

1 min

Archivfoto vum Jean-Marie Halsdorf  | © Radio 100,7
Archivfoto vum Jean-Marie Halsdorf (Foto: Radio 100,7)

De fréieren CSV-Minister hat schonn ugekënnegt, datt hien net bis déi nächst Gemengewale géif säi Buergermeeschterposte fäerdeg maachen. Dat huet hien elo nach eemol op RTL confirméiert. 

De Jean-Marie Halsdorf ass zënter 1988 zu Péiteng am Gemengerot a war ufanks den 2000er Jore schonn eemol Buergermeeschter, ier hien an d'Regierung komm ass.