arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Stau a méi Flair: Gréng Luucht fir de Contournement zu Alzeng

Hesper

|
reading time

1 min

Manner Stau a méi Flair: Gréng Luucht fir de Contournement zu Alzeng

De Regierungsrot huet gréng Luucht gi fir de Projet vum Contournement vun Alzeng zu Hesper. 2037 soll de Projet fäerdeg ginn.

reading time

1 min

© picture alliance / ATP
(Foto: picture alliance / ATP )

“Eng Gemeng mat Flair” oder éischter eng Gemeng mat Stau? Hesper leit ënner deene ronn 20.000 Autoen, déi pro Dag duerch d’Wunnengsvéirel fueren. Fir géint dee Problem virzegoen ass am PNM 2035 ee Contournement virgesinn, fir de Verkéier vun der N3 ze verlageren.

Elo muss d’Finanzéierungsgesetz gestëmmt ginn, déi néideg Etuden ofgeschloss ginn, Terraine kaaft ginn an déi néideg Autorisatioune mussen ageholl ginn. 2032 rechent een dann domat, datt déi tatsächlech Bauaarbechte kéinten ufänken.

De Projet ënnerläit iwwerdeems strengen ëmweltrechtlechen Oplagen: Et geet esouwuel ëm d’Upassung vum Schutzgebitt  “Réiserbann”, wéi och ëm d’Renaturéierung vun der Uelzecht.

D’Käschte vum Projet de loi belafe sech den Ament op 390 Milliounen Euro.