Radioen

On air

De Weekend  |  D’Kassandra zu Besuch beim La Fontaine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Christophe Hansen wëll een Deel vun de Subsiden anescht verdeelen

ZUKUNFT VUN DER EUROPÄESCHER LANDWIRTSCHAFT

De Christophe Hansen wëll een Deel vun de Subsiden anescht verdeelen

De System vun den direkten Agrar-Subventioune soll net komplett geännert ginn, seet den EU-Agrar-Kommissär. Een Deel vun de Sue kéint awer méi geziilt ausbezuelt ginn.

auto_stories

3 min

EU-Kommissär fir Landwirtschaft Christophe Hansen | © Foto: Danièle Weber
EU-Kommissär fir Landwirtschaft Christophe Hansen (Foto: Foto: Danièle Weber)

Déi europäesch Agrarpolitik muss an Zukunft méi einfach a méi zil-orientéiert sinn. Dat ass ee vun de Leetfiedem vun engem Strategiepabeier, deen d’Europäesch Kommissioun haut presentéiert huet.

An hirer Visioun fir d’Zukunft vun der europäescher Landwirtschaft zeechent d’Kommissioun déi grouss Linnen - och iwwert dat, wat d’Bauere mat am meeschten interesséiere wäert - déi direkt Subsiden, déi hinne vu Bréissel ausbezuelt ginn.

Kee fundamentale Richtungswiessel

"Do muss op alle Fall eppes dru geännert ginn", seet de Christophe Hansen am 100,7-Interview. Allerdéngs ass do elo net, wéi sech dat vläicht verschiddener erhofft an anerer gefaart hunn, eng Revolutioun vum aktuelle System ze erwaarden.

"De System bleift op alle Fall mëttelfristeg bestoen, well mir musse jo och ganz kloer soen: d'Baueren, datt si  Betriber, déi Investitioune gemaach hunn an déi hunn och agerechent, wat se fir hire Hektaren dee Moment kréien."

Ausbezuele pro Hektar bleift bestoen

Den Ament ginn d’Subside gréisstendeels pro Hektar Fläch, déi ee Betrib huet ausbezuelt. Dat heescht, déi méi grouss kréie méi ewéi déi kleng. Datt dat ee Problem ass, huet een erkannt, sou den Agrar-Kommissär.

"Engem, deen e Betrib huet mat fënnef Hektar, deem hëllefen déi Payementer pro Hektar net ganz vill. Betrieber awer mat 5.000 Hektar, an Betriber ginn et an der Europäescher Unioun, brauchen op deene leschten e puer honnert Hektar net méi sou vill."

Also proposéiert d’Kommissioun, datt een op deenen éischten Hektare méi ewéi op deene leschte kritt. De System géif deemno net fundamental änneren. Een Deel vun de Subside soll méi cibléiert ausbezuelt, do kéint ee virun allem un déi Jonk denken, déi ufänken oder awer och mat berücksichtege wéi vill Leit op engem Haff schaffen.

Ëmweltschutz: Incentive aplaz fix Reegelen

Ëmweltschutz- Oploe sollen iwwerdeems éischter an Incentiffen ëmgewandelt ginn. Et wier besser Ureizer ze schaffen ewéi de Bauere fix Reegelen déi net fir jidderee passen, z’imposéieren, sou de Christophe Hansen. De Reproche, datt hei d’Ëmwelt dann ze kuerz kënnt, weist hien zeréck. Et misst ee sech méi flexibel par Rapport zu de Bauere weisen.

"Dat ass eppes, wou, mengen ech de Rejet bësse vun der Politik heiansdo hir kënnt. Mir mussen hinnen d'Moyene ginn, fir dat esou ze maachen, datt se wierklech encouragéiert sinn an datt se sech net permanent ënner Drock a kontrolléiert spieren."

Am EU-Budget fir d’Joren tëscht 2021 an 2027 sinn 380 Milliarden Euro fir d’Agrarpolitik virgesinn. Hie wäert sech, sou den CSV-Politiker, dofir asetzen, datt och am nächste Budget ee spezifesche Poste fir d’Subside virgesinn ass. D’Verhandlungen doriwwer fänken an de nächste Méint un.