arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Fokus bleift op Sozialwunnengen, mee ëmmer méi Clientë mat mëttleren Akommes

Fonds de Logement

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

De Fokus bleift op Sozialwunnengen, mee ëmmer méi Clientë mat mëttleren Akommes

Am Verglach mat 2024 ass zejoert beim Fonds du Logement virun allem d’Zuel u Wunnengen, déi am Bau sinn, ferm eropgaangen. Donieft gouf et een zolitte Plus beim Chiffre d’affaires, esou de Fong bei der Presentatioun vu sengem Joresrapport 2025.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

D’Clientèle vum Fong huet an de leschte Jore geännert, seet den Direkter Jacques Vandivinit, dee fir déi nächst Joren eng Bauoffensiv ugekënnegt huet, am Zesummespill mat de Gemengen.

Aner Prioritéite vum Fonds du Logement si Wunnenge fir ze lounen an erschwéngleche Wunnraum.

Chiffre d'affaires geklommen

Wat déi reng Chifferen ugeet, esou ass den Ëmsaz vu ronn 20 Milliounen Euro virzejoert op eng 34 Milliounen 2025 eropgaangen. Woubäi d’Hausse vum Chiffre d’affaires keen Objektiv vum Fong wier.

"Wa mir wéilte méi Chiffre d'affaires maachen, da misste mer just méi verkafen oder méi en deiere Loyer froen. Mee eisen Objet ass ebe grad net, méi en deiere Loyer ze froen, mee en abordabele Loyer ze froen, souvill wéi méiglech Leit bei eis wunnen ze doen an och souvill wéi méiglech locative Wunnraum ze maachen."

Regelrecht explodéiert ass vun 2024 op 2025 d’Zuel u Wunnengen, déi amgaange sinn, geschafen ze ginn. Dee Chiffer huet sech nämlech vu 640 erop op 1.230 bal verduebelt.

"Wou mer natierlech dovu profitéieren, datt mer grouss Terrainen hunn, wat mer oft net hunn, notamment Diddeleng a Wolz, awer och Projete wéi Mamer Wëltgebond, Wecker an der Schmëtt, déi eis natierlech vill méi Logementer beienee bréngen."

Waardelëscht vun iwwer 7.000 Demanden

Nach geet dat awer net duer, fir d’Waardelëscht vu 7.055 Demandë fir eng Locatiounswunneng ganz substanziell ze reduzéieren. Et wier awer e Schrëtt um Wee dohin, esou de Jacques Vandivinit.

Eng Hëllef sinn a sengen Ae grouss Projeten op Industriefrichen. Woubäi et beim Fonds du Logement zu engem Ëmdenke koum, wat d’Attributioun vu Wunnengen ugeet.

"Wa mer zu Diddeleng oder zu Wolz Honnerten, respectivement iwwer Dausend Wunnenge maachen, da musse mer oppassen, datt déi Vermëschung vun de Leit, déi dohi wunne kommen, och passt, fir datt de Site herno ka fonctionéieren."

Fréier wier de Fong beim Verdeele vun de Wunnengen der Rei no gaangen, wien d'Wunneng am meeschten néideg gehat hätt. 

"Dat war e ganz rigide Punktesystem. Hei gi mer eis dann d'Méiglechkeet, fir e Mix ze maachen. Datt mer de Gemenge kënnen d'Méiglechkeete ginn, dat jonk Leit aus hirer Gemeng kënne vläicht dohi wunne kommen oder eeler Leit, respectivement datt mer e Fokus maachen op Monoparentauxen, well mer wëssen, datt déi awer méi Schwieregkeeten hunn, eppes ze fannen, wéi méi grouss Familljen."

De Jacques Vandivinit huet nach drop higewisen, dattt de Fong ëmmer méi mam soziale Secteur zesumme schafft. An datt den eegene Patrimoine renovéiert gëtt, fir datt déi Concernéiert gutt an op Dauer do wunne kënnen. 

play_arrow Lauschteren