Dat ass dat gréisst Gasfeld op der Welt. Israel hat dat gëschter schonn attackéiert. Den US-President Donald Trump wëll domat Drock op den Iran ausübe fir d‘Mieresstrooss vun Hormus fräizeginn.
Katar: "D'Faass ass voll"
Den Iran huet och haut rëm massiv Industrieanlagen an de Golfstaate bombardéiert. Katar, Saudi-Arabien an d‘Emiraten droen elo domat, aktiv an de Krich géint den Iran anzetrieden.
Bis elo hunn si sech erausgehalen, mee elo wier d‘Faass voll, sot e Regierungsspriecher zu Doha. Den Iran hätt déi rout Linnen iwwerschratt. An 19 Deeg hätten d‘Golfstaaten iwwer 2.000 Rakéiten- an Dronenattacke vun den iranesche Revolutiounsgarden erdroen.