Déi drëtt a fir haut lescht Maschinn ass och scho geplangt. Déi soll nach haut vun Ägypten an den Oman fléien.
Den Ausseminister Xavier Bettel huet op engem Point Press de Moie gesot, et géifen nach Lëtzebuerg:innen an der Regioun op déi nächst Flich heem waarden.
"Mir hunn 132 Leit, déi am Moment zu Maskat an Hotelle sinn. Dat sinn déi Leit, déi gëschter ukomm sinn oder an der Nuecht och ukomm sinn. An et sinn am Moment 145 Leit, déi och op der Grenz sinn tëschent Maskat an Dubai. Mat der Defenseministesch, mat der Madamm Backes, si mir och amgaangen. Den MRTT, deen ass am Moment och erof amgaang ze fueren, deen ass an Ägypten esouguer schonn. A mir kucken awer och nach fir aner Flig ze kréien, mat grousse Capacitéiten. Do passe bal iwwer 250 Leit dran eran. A mat de Belsch och mam A400M."
132 Mënsche wieren aktuell zu Maskat (Oman) an Hoteller an 145 Leit wieren nach op der Grenz tëschent Oman an de Vereenten Arabeschen Emiraten.
Et wier een och mat der Belsch am Kontakt fir Fligere vum Typ A400M fir de Rapatriement ze organiséieren. Den Ausseminister wäert seng Rees a Spuenie verkierzen a kennt wéinst der aktueller Situatioun schonn den Owend zeréck. Visitt geet offiziell bis muer de Mëtteg 1 Auer.