arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger am Noen Osten: Fliger fir séiert Rapatriement Richtung Süden ënnerwee

Rapatriement

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger am Noen Osten: Fliger fir séiert Rapatriement Richtung Süden ënnerwee

Et géif nach ze vill Onsécherheete, fir genee ze soen, wie vun de Leit, déi wéinst dem Krich am Noen Oste blockéiert sinn, wéini erëm zeréck op Lëtzebuerg ka bruecht ginn. Dat sot DP-Ausseminister Xavier Bettel an der Chamber. 

headphones

1 min

Xavier Bettel | © Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Bis gëschter hu sech eng 480 Betraffener beim Ausseministère gemellt. Reell blockéiert wieren 320, déi an den Emirate festsëtzen. De Fluchverkéier an den Emiraten ass duerch de Konflikt uerg perturbéiert. De Xavier Bettel huet dann awer ugekënnegt, datt eng Luxair-Maschinn ënnerwee wier an de Süde fir – wann et bis méiglech ass – d‘Leit erëm zeréck ze bréngen.

An et géif een ënnert anerem d‘Méiglechkeet préiwen, fir als Regierung ee Fliger ze lounen, fir eventuell an den Oman ze fléie fir d‘Leit vun do ze rapatriéieren. 

Eventuell Zesummenaarbecht mat der Belsch

Weider géif ee mat der Belsch zesummeschaffen, fir d‘Leit erëm zeréck ze bréngen, esou nach de Xavier Bettel. Déi belsch RTBF mellt dann och, datt de belschen Ausseminister Maxime Prévot eng Rapatriéierungs-Aktioun mat Militär-Fliger ugekënnegt hätt. Et géife prioritär Touristen zeréck bruecht ginn, heescht et. 

Wéinst der Sécherheetslag goufen am Ganzen zanter Ausbroch vum Krich eng 19.000 Fluchverbindungen annuléiert. E puer kommerziell Volle wieren haut zwar a verschiddenen Zonen erëm opgeholl ginn, heescht et. De Fluchverkéier ass awer weider ganz perturbéiert a potentiell geféierlech. Katar huet haut eegenen Aussoen iranesch Ugrëff op säi Fluchhafen ofgewiert.