arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Regierung suivéiert d‘Situatioun am Iran mat vill Suergen

National

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Regierung suivéiert d‘Situatioun am Iran mat vill Suergen

D‘Lëtzebuerger Regierung suivéiert d‘Situatioun am Iran an an der ganzer Regioun mat vill Suergen, heescht et an engem Communiqué den Owend. De Premier an de Vize-Premier haten de Mëtteg eng Reunioun fir sech ze beroden an de Point iwwert d‘Situatioun ze maachen.

headphones

1 min

© Chamber
(Foto: Chamber)

Am Communiqué ginn déi israeelesch an amerikanesch Attacken awer net verurteelt. D‘Regierung weist sech awer solidaresch mam iranesche Vollek, dat Joerzéngtelaang ënnerdréckt gi wier. An och mat deenen anere Länner, déi vun den iranesche Géigenattacke betraff sinn.

Ausseministère a Kontakt mat de Lëtzebuerger an der Regioun

Den Ausseministère wier och a Kontakt mat de Lëtzebuerger an der Regioun, grad wéi mat der Luxair. D‘Lëtzebuerger ginn opgefuerdert, virsiichteg ze sinn an d‘Instruktioune vun de lokalen Autoritéite genee ze suivéieren. An si sollen och op der Plattform Lama vu guichet.lu (guichet.lu/lama) ugi wou se sinn.

Reeswarnung fir Mëttleren Osten

Doriwwer eraus gëtt staark dovunner ofgeroden, an de Mëttleren Osten ze reesen, och net an d‘Golfstaaten. D‘Lëtzebuerger Regierung rifft all Säiten op, sech zréckzehalen an d‘Situatioun ze deseskaléieren, fir d‘Zivilisten ze schützen an sech un internationaalt Recht ze halen. Et misst alles um diplomatesche Plang gemaach gi fir den Iran dozou ze kréien, säin Atomprogramm ze stoppen.