Radioen

On air

Concert  |  De Rising Star Sào Soulez Larivière

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger ass gestuerwen

Am Alter vun 83 Joer

De Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger ass gestuerwen

De Michel Medinger huet iwwer 40 Joer Fotoe gemaach. Hien huet fir säi Wierk Géigestänn aus dem Alldag arrangéiert an a schwaarz-wäiss fotograféiert. Entstanen si Biller voller Witz a Poesie, dacks mat engem Hang zum Surrealismus.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Michel Medinger | © radio 100,7 play_arrow
Foto: Radio 100,7

De Michel Medinger war a jonke Jore Mëttelstreckeleefer. 1964 huet hien un den Olympesche Spiller zu Tokio iwwer d’Distanz vun 800 Meter participéiert. No senger Qualifikatioun fir déi Spiller hätt hie sech eng éischt Kamera kaaft. Dat hat hie viru Joren dem Quotidien gezielt. Hien hätt net wëlle vun dëse Spiller erëm kommen, ouni Fotoe gemaach ze hunn. Seng éischt Fotoe waren dann och Sportsfotoen.

E Sammler 

Séier huet hien awer seng Faszinatioun fir Kompositiounen an Nature-morten entdeckt. Hien huet gedréchent Fräschen a mumifizéiert Kanéngercher, Knachen, Hingerkrallen a Poppen a bizaren Arrangementer inzenéiert. Fir seng Wierker huet hien och all Méigleches gesammelt. Säin Haus war voller kuriéiser Objeten. Seng Inspiratioun huet hien dobäi am gëllenen Zäitalter vun der hollännescher Molerei fonnt. 

D’Ufäng

Eng éischt fotographesch Aarbecht hat de Michel Medinger Enn de 70er gemaach mat enger Serie vun Tiräng, déi mat Objete gefëllt waren, déi sengem Papp gehéiert hunn. An der Suite huet hie sech een Numm gemaach, mat Fotoe vun Zapsailen uechtert d’Land, faarweg Fotoen.

Där ginn et der vun him nëmme wéineg. Hie war nämlech op schwaarz-wäiss Fotographie spezialiséiert. De Michel Medinger war dobäi Autodidakt an huet mat villen Techniken experimentéiert. Seng Fotoen awer goufe weltwäit ausgestallt: An den USA, Japan, Dänemark, Russland a Polen.

Arles 

Rezent hat de Michel Medinger de “Luxembourg Photography Award” 2024 gewonnen. Domat konnten seng Wierker am Summer 2024 um renomméierten internationale Fotographiefestival “Rencontre d’Arles” gewise ginn

Lauschterenplay_arrow