Enn de 1950er Joren – zum Ufank vu senger Karriär - hat hien d’Konschtwelt mat enger Serie vu komplett schwaarze Biller geschockt. Dono komme Serien am Sëlwer an a Kofferfaarf no.
An de 60er Jore gouf et méi faarweg. Schlussendlech huet de Frank Stella och Acrylfaarf agesat. Seng Wierker waren awer ëmmer duerch e Spill mat geometresche Forme markéiert.
A spéidere Joren huet de Stella Relieffen an deels monumental Skulpturen erschaf. Seng Wierker goufe weltwäit gewisen.